Corona-Kris "Dat gehéiert an d'Ëffentlechkeet"

Sollt et esou sinn, datt et effektiv eng Party war, déi fir déi nom Weekend méi héich Zuel vun neien Infektioune mam Coronavirus gesuergt huet, da wier dat eng Informatioun, déi an d'Ëffentlechkeet gehéiert, fënnt de Professer Claude P. Muller, Virolog am Luxembourg Institute of Health (LIH).

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Claude Muller
De Claude P. Muller ass Virolog am Luxembourg Institute of Health (LIH)

Et wier wichteg drop opmierksam ze maachen, datt esou Partyen net solle stattfannen, mee et wier och wichteg ze wëssen, datt et op esou enger Party lassgaangen ass, an datt een déi Leit, déi op dëser Party waren, retracéiert fir déi néideg Mesuren ze ergräifen.

Ass eng zweet Well inevitabel?

Et wier wichteg, datt d'Leit esou Saache gewuer gi fir ze verstoen, datt d'Opriff, déi gemaach gi fir weider virsiichteg ze bleiwen, net muttwëlleg sinn, esou de Professer Muller. De Professer Muller mengt nämlech net, datt eng zweet inevitabel wier.

"Ech géif soen, wa mer eis gutt schécken, dann ass et guer net néideg, datt eng zweet Well kënnt. An dann ass jo och d'Fro: 20 Fäll oder 15 Fäll, ass dat elo schonn eng Well? Oder ass dat elo einfach déi Variabilitéit, déi mer wäerten hunn, méiglecherweis bis zum Vaccin."

En Impfstoff vläicht bis Enn des Joers

Wat d'Entwécklung vun esou engem Impfstoff ubelaangt géife gutt Fortschrëtter gemaach ginn. Zwee Vaccine wäre scho relativ wäit an de klineschen Tester, an der Phas dräi. Wann déi gutt géife lafen, da misst den Impfstoff nach produzéiert ginn.

"Ech kéint mir virstellen, datt bis Enn des Jores en Impfstoff do ass, op d'mannst fir Risikopatienten oder Risikogruppen, oder zum Beispill och d'Gesondheetspersonal."

Nach net vill Leit hunn Antikierper

De Virolog Claude P. Muller ass der Meenung, datt et d'Zil vun der Strategie vun de villen Tester ass, d'Zäit ze iwwerbrécke bis e Vaccin do ass. Nëmme ganz wéineg Leit hei am Land hätten Antikierper - däitlech manner wéi fënnef Prozent.

Dohier kéint een d'Infektiounskurv och just niddereg hale wann et geléngt, all Infektiounskette méiglechst séier ze ënnerbriechen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

COVID-19 Test
Coronavirus

Bei der Campagne vun Tester am grousse Stil (Large-Scale-Testing) wiere bis elo 12 Leit positiv op den neie Coronavirus getest ginn. Dës Zuel gouf den Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vu Research Luxembourg genannt.

COVID-19 Test
Coronavirus

No der Landung um Findel kann all Passagéier sech fräiwëlleg op de Coronavirus teste loossen. Ronn zéng Prozent vun de Passagéier profitéiere vun där Méiglechkeet.

Paulette Lenert
Lutte géint de Coronavirus

Och zu Lëtzebuerg lafe Virbereedunge fir eng Tracking-App ze entwéckelen, déi d'Leit warnt, wa sI mat engem Coronavirus-Infizéierten a Kontakt waren, Esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Entwécklung vun esou enger App wier am "Standby".

PCR-Test
Corona-Pandemie

Déi 17 Test-Statiounen, fir d'Populatioun op Covid-19 ze testen, sinn elo all voll funktionell. An den nächste Woche soll mat ronn enger Milliounen Tester déi ganz Populatioun kënne getest ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen