Dräi Flëss; eng ganz Rei kleng Baachen - zu Miersch kennt een Héichwaasser schonn, seet den Dan Dallo vum kommunale Service Technique. Wéi ee bis wousst, datt Héichwaasser géif kommen, huet ee mat de Routine-Schutzmoossnamen ugefaangen. Um halwer 11 Moies hätt een dunn awer virun den enorme Waassermasse misst kapituléieren.
Kapituléiert huet och den Héichwaasserschutz ronderëm de Gemengenatelier - d'Material dat fir d'Opraumaarbechten gebraucht gi wier, gouf beschiedegt.
D'Gemeng preparéiert sech fir dat nächst Héichwaasser
De Schued war grouss - virun allem ëffentlech Gebaier si betraff; vun der Spillschoul iwwer de Fussballterrain mat Vestiairen a Buvette, bis d'Sportshal; Biedem hu sech gehofft, Diere si verbéit, Zap- a Museksanlagen komplett vum Waasser zerstéiert. Gréisser Schied goufen et am Keller vum Mierscher Kulturhaus. E ganze Stroumtableau wier banne geschmolt. Elo plangt ee fir deen an Zukunft op e Podest ze stellen "well uewen, d'Kulturhaus selwer, dat kéint an der Theorie funktionéieren".
Dat Ganzt op e Podest setzen ass just eng vun de Moossnamen , déi elo getraff gi sinn, seet de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe.
"Preventiv maachen, datt mer lo ëmmer op 80cm geschafft hunn, an elo wäerte mer op 1.60m schaffen. D'Leit schécken eis hier Biller ran, an do weess ee schonn, wou ee Sandsäck muss maachen. A wat och immens wichteg ass, ass zum Beispill d'Waassergrief, ech soen et nach eng Kéier, wou Barrière sinn, déi all sechs Méint ze kontrolléieren."
Kritesch géigeniwwer enger Renaturéierung vun der Uelzecht
Net just déi ëffentlech Infrastrukture si betraff; Privatpersounen hu missen hir Haiser verloossen, a si bis elo nach mat de Konsequenze geplot. Am Centre Marisca hätt nach ëmmer net jiddferee Stroum an et kéint net jiddferee matenee seng Wäschmaschinn umaachen.
Sou munche Mesuren, déi di blo-rout-grénger Regierung géint Héichwaasser ergräift, steet den DP-Buergermeeschter kritesch géigeniwwer.
"D'Ëmwelt wëllt d'Renaturéierung vun der Ëmwelt maachen, d'Uelzecht ass dohannen, do hellt en se 50m ran op all Säit, si hiewen d'Bett 2m an d'Luucht, dann hu si d'Renaturéierung. Mee dat heescht, soubal en Héichwaasser kënnt - nee net Héichwaasser, een decke Reen, dann ass d'Wisen alleguer iwwerschwemmt, dann hu mer ganz wéineg Waasser, mee dann ass eise Park hifälleg, an dat wëlle mir net hunn."
De Michel Malherbe geet dovunner aus, datt déi gréisste Schied vum Héichwaasser am Juli bis Chrëschtdag kënne behuewe ginn - mee mat Sécherheet kéint een dat net soen.