Radioen

On air

9 bis 1  |  Miso Extra - POP

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat Duerf, wat verschwanne soll

Däitschland

Dat Duerf, wat verschwanne soll

D'Duerf Lützerath um Tagebau Garzweiler an Nordrhein-Westfalen ass vu Klimaaktivist:inne besat. Ëmmer méi Leit schléisse sech dem Protest am Duerf un, mee eng Räumung ass dës Woch méiglech.

auto_stories

2 min

Lützerath ass e klengt Duerf an Nordrhein-Westfalen, knapps zwou Stonne vu Lëtzebuerg wech. D'Duerf soll, wéi och anerer an der Ëmgéigend, ofgerappt ginn, fir datt den Energiekonzern RWE säi Braunkohletagebau Garzweiler kann erweideren. Mee Lützerath gouf vun honnerte vu Klimaaktivist:inne besat an als '1,5-Grad-Grenz' deklaréiert: déi Linn, déi net dierf duerchbrach ginn, fir d'Äerderwiermung net iwwer 1,5 Grad klammen ze loossen.

Foto: Tessy Troes

Déi Grenz ass eng symbolesch, eng Fuerderung un d'Politik fir eng klimafrëndlech Energiepolitik - an deen an NRW bis 2030 geplangte 'Kohleausstieg' eescht ze huelen.

En Duerf am Duerf

Déi ursprénglech Awunner vu Lützerath goufe bis Oktober 2022 ëmgesidelt. De selwechte Mount huet de Bundesministerium für Wirtschaft und Klimaschutz endgülteg decidéiert, datt d'Kuel ënner Lützerath dierf vun RWE ofgebaut ginn.

Elo wunnen honnerte vun Aktivist:innen am Duerf: si hunn eng nei Struktur am a ronderëm dat alt Duerf opgebaut. Energie gëtt iwwer Solarzelle gewonn, déi meescht liewen an Holzhaiser, déi an nei Quartieren, déi zum Beispill 'Phantasialand' gedeeft goufen, agedeelt sinn an déi an der Luft iwwer Tirolienne matenee verbonne sinn.

D'Aktivist:inne setze sech aus verschiddene Gruppen zesumme wéi zum Beispill 'Lützerath lebt' an 'Alle Dörfer bleiben', déi sech fir d'Erhale vun den Dierfer an den däitsche Braunkohle-Regiounen asetzt.

Situatioun spëtzt sech zou

Zwou Mahnwachen um Duerfesrand sinn offiziell ugemellt a bis den 9. Januar accordéiert. Dono ass et net méi legal, am Duerf ze sinn.

An deene leschten Deeg gouf et ëmmer rëm Ausernanersetzungen tëscht der Police an den Aktivist:innen. Si versiche mat Barrikaden den RWE-Bagger ze blockéieren, deen op e puer Meter vum Duerf grueft. Bis Enn Februar soll Lützerath definitiv ofgerappt sinn. D'Police huet haut op enger Pressekonferenz matgedeelt, dass vun e Mëttwoch un mat der Räumung kéint ugefaange ginn.

E Sonndeg hat déi bekannte Band AnnenMayKantereit e Solidaritéits-Concert am Duerf gespillt, zu deem Dausende Leit komm sinn. Och fir nächste Weekend ass eng grouss Demonstratioun an en 'Dorfspaziergang' ugekënnegt ginn.