arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat deet hinnen natierlech wéi"

Parteiefinanzéierung

|
reading time

1 min

"Dat deet hinnen natierlech wéi"

De Lëtzebuerger Rechnungshaff huet Onreegelméissegkeete bei der Piratepartei festgestallt, no der Analys vun der Parteiefinanzéierung fir d'Joer 2018: dowéinst hunn déi zoustänneg Chamberkommissioune gëschter eestëmmeg decidéiert, den Dossier un de Parquet virunzereechen.

reading time

1 min

D'Piratepartei hätt eng Spend vun enger Firma kritt an dat wier dem Parteiefinanzéierungsgesetz no net erlaabt, esou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm.


play_arrow D'Diane Adehm am Gespréich mam Serge Kesseler


De Lëtzebuerger Rechnungshaff hat festgestallt, datt e vun de Kandidate vun der Piratepartei am Bezierk Osten 30.000 Euro aus der eegener Täsch an d'Walcampagne gestach hätt, esou d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun.

D'Piratepartei hat wéinst dësen 30.000 Euro d'Konditioun vu 75 Prozent Eegemëttel net erfëllt. Well dës Sue laanscht d'Comptabilitéit vun der Partei gefloss sinn, géif d'Piratepartei riskéieren, een Deel vun der staatlecher Walkampfënnerstëtzung mussen zeréckzebezuelen. "Dat deet hinnen als Partei natierlech wéi", huet d'Diane Adehm erkläert."