Aarmut "Dat décksten Enn kënnt eréischt"

Ouni déi héich Logementspräisser wier et relativ einfach, d'Aarmut hei am Land an de Grëff ze kréien, seet d'Marie-Josée Jacobs. Si fäert, dass d'Kris fir déi aarm Leit hei am Land nach net ausgestanen ass.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Marie-Josée Jacobs
D'Marie-Josée Jacobs ass Presidentin vun der Caritas

D'Marie-Josée Jacobs ass dovunner iwwerzeegt, "datt dat décksten Enn eigentlech eréischt kënnt". Si huet d'Gefill, datt d'Leit elo nach géife probéiere mat deem, wat se nach iergendwou op der Säit hunn oder bei der Famill nach kréien, iwwer d'Ronnen ze kommen. Si fäert, datt bei der Caritas nach eng ganz Rei u Leit wäert kommen, déi an der Zukunft aarm sinn. "Méi aarm, wéi et virauser war."

Datt d'Kannergeld vum nächsten 1. Januar un nees indexéiert gëtt wier eng gutt Noriicht, sou d'Marie-Josée Jacobs. Allerdéngs géif dat de Kafkraaft-Verloscht, deen de Leit an de leschte 15 Joer entstanen ass, net kompenséieren. D'Caritas fuerdert och Adaptatioune vun der Allocation de vie chère a vum REVIS.

"Dat wat eis jo enorm Schwieregkeete mécht, dat si jo déi Präisser vun de Logementer. Wa mer dat nët hätten, da géif ech wierklech mengen, wär et relativ einfach fir d'Aarmutt zu Lëtzebuerg ewech ze kréien. Mee amplaz datt et och nëmme stagnéiert, hu mer gesinn, datt et d'lescht Joer nach eng Kéier 16 Prozent eropgaangen ass. Dat ass jo fir Leit mat zwou Paie geschwënn net méi ze bezuelen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Kanner déi spillen
Familljeministère

D'Familljeministerin wëllt, wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, d'Kannergeld op den 1. Januar 2022 reindexéieren. D'Gewerkschafte fuerderen, datt d'Verloschter aus de leschte Jore solle kompenséiert ginn.

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

Et gëtt ëmmer erëm iwwer d'Hausse vum Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg debattéiert. Mee wou sinn déi strukturell Moossnamen, déi dëse Problem bei der Wuerzel upaken? Déi Fro stellt sech d'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen