Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass fir eis ee kompletten No-Go"

Protestpiquet

"Dat ass fir eis ee kompletten No-Go"

Den OGBL kritiséiert verstäerkte Mëssstänn an de leschte Méint beim Gemengesyndikat SIGI: dowéinst war de Mëtteg e Protest-Piquet virum Gebai vum "Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique" zu Conter.

auto_stories

2 min

Et géif ë.a. e Konflikt wéinst Aarbechtsstonnen am Télétravail ginn, déi an den Decompte verschwonne wieren, esou d'Milena Steinmetzer vum OGBL. "Mir gesinn déi als geklauten Aarbechtsstonnen un."

D'Direktioun hätt am Dezember den Horaire mobile onrechtméisseg ausser Kraaft gesat fir déi Leit, déi am Télétravail sinn, esou d'Kritik vum OGBL. Concernéiert wier dee Moment quasi déi ganz Beleegschaft gewiescht. "Dat ass fir eis ee kompletten No-Go, mir kënnen dat net acceptéieren."

D'Delegatioun hätt zwar probéiert de Konflikt intern ze reegelen, dat wier awer net gegléckt. D'Gewerkschaft hätt dowéinst d'Gewerbeinspektioun ageschalt. D'SIGI-Direktioun géif dem OGBL Diffamatioun virgeheien.

OGBL kritiséiert Drock op Aarbechter

D'Milena Steinmetzer schwätzt generell vun engem "grave Problem" um Niveau vum Sozial-Dialog mat der Direktioun vum SIGI.

Et wier een extremen Drock op d'Leit, esou d'Gewerkschaftlerin. Verschidde Leit hätte "vill ze vill" Aarbecht, wärend aner Leit ganz wéineg Aarbecht hätten. Béid Situatioune wiere fir d'Leit ganz schwéier auszehalen.

D'Gewerkschaft kritiséiert donieft, datt méi wéi d'Hallschent vun den 140 Leit Personal vum SIGI mat engem externem Kontrakt mat enger privater Déngschtleeschtungsfirma misst schaffen. Dat wier e "kompletten No-Go an engem Service public", esou d'Milena Steinmetzer vum OGBL.

De Syndikat SIGI ass zoustänneg fir informatesch Solutioune fir 101 Gemengen, 60 weider Gemengesyndikater, 30 Offices sociaux a fir iwwer 500 Crèchen a Maisons relaisen.