Schoulrentrée "Dat ass e grousse Risiko"

Net geimpfte Kanner vun net geimpften Eltere sollen am Homeschooling bleiwen, seet de Virolog Claude P. Muller. Wann et positiv Fäll an enger Klass ginn, sollen net geimpft Kanner an den Homeschooling goen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Claude P. Muller
De Prof. Dr. Claude P. Muller ass Virolog a schafft beim Luxembourg Institute of Health (LIH)

De Resumé lauschteren


De Claude P. Muller geet dovun aus, datt geschwë schonn eng Recommandatioun kënnt, fir och Kanner tëschent 5 an 12 Joer ze impfen.

Wann déi Recommandatioun do ass, sollten déi Kanner och onbedéngt geimpft ginn, sou de Virolog aus dem Luxembourg Institute of Health (LIH). Och wann een trotz Impfung de Virus weider oprafen a weider ka ginn, awer an engem vill méi klengen Ausmooss, esou de Claude P. Muller.

Wann een d'Impfung aus deem Grond ausschléit, da wier dat, wéi wann ee géif soen "Wann een op d'Strooss geet, da kann een och iwwerrannt ginn. Dat ass richteg, mee mir ginn awer op d'Strooss", seet de Virolog.

Wie sech net impfe léisst, dee kritt de Virus fréier oder spéider: dat wier onvermeidlech, confirméiert de Claude Muller. Et iergert hien, datt net geimpft Leit nach ëmmer esou vill Zougeständnesser gemaach kréien.

"Mir mussen iergendwann derzou kommen, eis net méi a Geiselhaft huelen ze loosse vun deenen, déi net geimpft sinn, a mir kënnen och net ëmmer déi ënnerstëtzen, déi mengen, hiert Perséinlechkeetsrecht géif iwwer dem Recht stoe fir eng physesch a gesondheetlech Integritéit."

Impfduerchbréch: eng logesch Konsequenz

Weider kritiséiert de Virolog d'Aart a Weis, wéi d'Santé opschlësselt, wéi vill Geimpfter ënner den Neiinfizéierten an Hospitaliséierte sinn. Dat géif dee falschen Androck ginn, d'Vaccinen hätten nëmmen eng limitéiert Wierkung.

Dobäi wier et eng logesch Konsequenz vun deem ëmmer méi héijen Impftaux am Land, datt och ëmmer méi Geimpfter ënner de Leit mat Corona-Infektioun ze fanne sinn, sou de Claude P. Muller.

"Wann 100 Prozent an enger Populatioun geimpft sinn, da sinn natierlech nëmme Geimpfter am Spidol."

Senger Rechnung no schützt d'Impfung, jee no Alter, zu 85 bis 100 Prozent virun enger Hospitalisatioun.

Drëtt Impfung: net fir jiddwereen

Eng drëtt Impfung fir Leit mat engem schwaachen Immunsystem gëtt zu Lëtzebuerg schonn ugebueden. De Claude Muller fënnt dat och ubruecht, souguer relativ zäitno no der zweeter Sprëtz.

Bei Leit bei enger normaler Gesondheet erwaart de Virolog sech awer, datt d'Impfung bis zu zwee Joer hält. Wat duerno geschitt, wéi dacks dann nees Rappeller noutwenneg wieren, kéint een elo nach net soen, sou de Claude Muller. Dat géif dovun ofhänke wéi de Virus evoluéiert.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Dr Serge Allard
Impfung géint Covid-19

De Kannerdokter Serge Allard seet, fir Jonker tëschent 12 a 17 Joer géifen et am Fong keng Konterindicatioune géint d'Covid-Impfung ginn. Leit mat chronesche Krankheeten hätten all Interêt un enger Impfung.

Impfung Covid-19 Lëtzebuerg
An engem neien Avis

Wien an de leschte sechs Méint de Coronavirus hat, brauch eventuell just eng Impf-Dosis ze kréien, esou den CSMI an engem Avis. Den Experte-Rot recommandéiert ausserdeem Jonker tëscht 12 a 15 Joer ze impfen.

Dr. Isabel De La Fuente Garcia
Covid-19

Ouni d'Kanner ze impfen ass d'Herdenimmunitéit hei am Land net méiglech, seet d'Doktesch Isabel De la Fuente. Aktuell kommen an der Moyenne eppes manner wéi 10 Kanner de Mount wéinst Covid-19 an d'Kannerklinik.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen