"Lëtzebuerg ass eng räich Stad mat relativ räiche Bierger, deenen et gutt geet. Mä mir hunn der natierlech och vun aneren Zorten: Eng Rëtsch vu Leit, déi duerch dat soziaalt Netz falen. An der Stad, am Land an an der Groussregioun", seet de Christof Mann. Déi Leit géinge sech an der Stad "cumuléieren", well et d'Haaptstad an den Zentrum vum Land wären, a well et vill Strukture géing ginn, déi de Mënsche kéinten hëllefen. Op der anerer Säit hätten och d'Leit, déi an der Stad wunnen, e Recht drop, fir net belästegt ze ginn. Dat wier d'Spannungslinn, déi ee misst fueren.
Sozial Offer an der Stad
Iwwert déi lescht Jore wieren déi marginaliséiert Gruppen an der Stad gewuess, konstatéiert de Responsabele fir Jugend a sozial Interventioun vun der Stad Lëtzebuerg. D'Stad finanzéiert a kofinanzéiert zwee Nuetsfoyeren (insgesamt eng 20 Better) an zwee Sozialbistroten (Wet Shelter). Dernieft ënnerstëtzt d'Stad Lëtzebuerg d'Wanteraktioun, beschäftegt 15 Streetworker, déi mobil Sozialaarbecht leeschten, a geréiert zwou Epiceries sociales, esou wéi begleet Wunnstrukturen.
D'Wanteraktioun, wou 80-100 Better fir Strummerten zur Verfügung gestallt ginn, wäert net am Summer weidergefouert ginn. D'Politik wéilt dat net, seet Christof Mann. D'Stad géing awer plangen, fir ee vun hiren Nuetsfoyeren ze plënneren an auszebauen. Eng grouss zousätzlech Nuetsstruktur wier awer net envisagéiert. Woubäi déi politesch Responsabel prett wieren, wann néideg, zousätzlech Budgeten ze debourséieren.
An de leschte Joren hätt d'Stad Lëtzebuerg vill an där Hisiicht gemaach. Dat hätt och dozou gefouert, datt d'Biergerbelästegung an der Uewerstad an an den Akafsstroossen ofgeholl hätt.
Dat misst ee virsiichteg ugoen, seet de Christof Mann. Wann een d'Betreiungsoffer fir Leit ouni Dag iwwert dem Kapp an d'Luucht géing setzen, da kéimen och méi Leit.