Lëtzebuerg Dan Kersch preparéiert Depart aus Regierung

Den Aarbechtsminister Dan Kersch schléisst net aus, datt hie virun de Chamberwale vun 2023 als Minister ophält. Hie géif den Ament driwwer nodenke wéi hie säi perséinlecht Liewe wéilt gestalten, esou de sozialistesche Vize-Premier am 100,7-Interview. Op RTL Radio hat hie virdrun annoncéiert, datt hie bei den nächste Walen net wéilt LSAP-Spëtzekandidat gi well hien dono och net méi wéilt Minister sinn.

ckl / Jean-Claude Franck / cz

Dan Kersch
Foto: Archiv

Lauschteren


Wéi et weider geet, géif ënnert anerem vu senger kierperlecher a psychescher Verfassung ofhänken, erkläert den Dan Kersch op Nofro hin. Eisen Informatiounen no huet den Dan Kersch an de leschte Woche virun Zeie gesot, hie géif driwwer nodenke säi Ministermandat fréizäiteg opzeginn, a kéint jo dann an d'Chamber wiesselen. Ass dat eng Optioun?

Am 100komma7-Interview seet den Aarbechtsminister Dan Kersch, datt et momentan net zur Diskussioun géif stoen, als Minister zerécktrieden.

"Mee wann dat eng Kéier de Fall wier kann ech dat jo dann net eleng decidéieren. D'Partei decidéiert iwwer Nofollger an dat hänkt dovun of ob ech kann a Chamber goen oder net."

Sécher wier elo just, datt hien net wéilt LSAP-Spëtzekandidat ginn - eppes wat den Dan Kersch virun zwee Joer hei um Radio nach net ausgeschloss hat. Wéi kënnt hie lo zu där Decisioun? D'LSAP hätt d'Chance bei den nächste Wale stäerkste Partei ze ginn an de Premier ze stellen, an ënnert anerem d'LSAP-Gesondheetsministerin Paulette Lenert wier eng ganz gutt Kandidatin dofir: "Ech wäert mat Sécherheet net déi richteg Persoun dofir sinn. Premier, dofir sinn d'Schung mir ze grouss. Dofir brauch een nach aner Talenter, déi ech net hunn: Representéieren, diplomatesch sinn... Dat war ni mäi Charakter an dofir sinn ech och net un deem Posten interesséiert".

Den Dan Kersch gëtt ze verstoen, datt hie sech wéinst sengem 60. Gebuertsdag am Dezember och d'Fro stellt, ob hien nach Loscht op verschidde Saachen huet. Als Minister wier hien nach motivéiert, an en hätt nach vill Projeten, mee manner motivéiert wier hie wann hien an engem Interview wéi de Moie bei RTL Froen iwwer seng Duechter, d'Juso-Co-Presidentin Lisa Kersch, gestallt kréich. Dat wier fir hien inakzeptabel, sou den Dan Kersch.

Den Dan Kersch preparéiert an der Ëffentlechkeet also säin Depart aus der Regierung. Ob en awer bis zu de Chamberwalen nach Vize-Premier an Aarbechts- a Sportminister bleift, bleift no sengen Deklaratiounen haut an der Press onkloer.

Méi zum Thema

Dan Kersch
Corona-Steier

Den Dan Kersch bleift bei senger Propos vun enger Steierhausse fir Gewënner wärend der Pandemie. Et géif him an éischter Linn ëm eng prinzipiell Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet goen, esou de Vizepremier.

Dan Kersch Riicht Eraus
Sozialdialog

Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch verstoppt net, datt hien dem OGBL nosteet. Trotzdem wier hien net ëmmer mat der Gewerkschaft averstanen. Och d'Argumenter vun de Patrone kéint hie verstoen.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen