Auslandschronik Däitschland: Keng Angscht virun Instabilitéit

Zwee Méint no de Bundestagswahlen ass an Däitschland nach keng nei Regierung a Siicht. Angscht virun Instabilitéit brauchen eis däitsch Noperen trotzdem net ze hunn. Am Géigendeel: Neiwahlen oder eng Minoritéitsregierung kéinten och eng Chance sinn.

Rick Mertens / cbi

Kommentar Rick Mertens
Rick Mertens: Keng Angscht virun Instabilitéit

Et geet e Gespenst ëm dëser Deeg an Däitschland, an dat nennt sech politesch Instabilitéit. Zënter datt d'Verhandlunge fir eng sougenannte Jamaika-Koalitioun virun enger Woch geplatzt sinn, sinn iwwerall Warnungen ze héieren: Däitsch Zeitungskolumnisten zéie Parallellen mat der Weimarer Republik, wou et bannent 13 Joer 20 verschidde Regierungen gouf. Déi international Press schreift vu schwéieren Zäite fir Europa, an de Bundespresident schwätzt de Parteien an d'Gewëssen an appelléiert un hir Verantwortung.

Dës allgemeng Panikmaacherei weist och scho Wierkung. Während Neiwahlen virun enger Woch nach wahrscheinlech geschéngt hunn, gesäit et mëttlerweil esou aus, wéi wann d'SPD sech awer nach géing iwwerriede loossen, nees an eng grouss Koalitioun mat der Unioun ze goen - verantwortungsbewosst Vollekspartei oblige.

Bal 14 Prozentpunkte verluer

Mä wat elo esou wierkt, wéi wann d'Sozialdemokraten hir Verantwortung als staatsdroend Partei flichtgeméiss wéilten erfëllen - kann op laang Siicht genee de Contraire bewierken. Wann et tatsächlech op en Neits zu enger grousser Koalitioun géif kommen, géifen zwar zwou Parteien regéieren, déi zesummen eng Majoritéit hunn, mä et wären ausgerechent déi zwou Parteien, déi bei de Wahlen am September déi meeschte Stëmme verluer hunn. D'Unioun an d'SPD hunn zesummen ëmmerhi bal 14 Prozentpunkte verluer.

Politesche Profil schäerfen

An dës Entwécklung riskéiert sech fortzesetzen, wann déi zwou gréisst Parteien elo trotzdem zesumme weiderregéieren. Eng grouss Koalitioun zwéngt si nämlech dozou, Kompromësser ze maachen, an hir Positiounen openeen ofzestëmmen. Säin eegenen politesche Profil ze schäerfen, ass an esou enger Konstellatioun nëmme schwéier méiglech.

Neiwahlen, oder eng vun der SPD toleréiert Minoritéitsregierung, wäre kuerzfristeg sécher méi ongewinnt an och e bësse méi riskant, wéi eng nei grouss Koalitioun. Dës Zeenarie géifen de grousse Parteien et awer och erlaben, nees eng méi kloer politesch Sprooch ze fannen, déi si vunenaner ënnerscheet. An dem Wieler domat de Choix tëscht méi kloer definéierte politeschen Alternative gëtt.

Keng Angscht hunn

Grad Däitschland, e Land dat ekonomesch esou gutt do steet, wéi kaum en anert Land an der EU, bräicht keng Angscht virun Neiwahlen oder enger Minoritéitsregierung ze hunn. No den nächste Bundestagswahle wär et dann och vläicht nees méi einfach, eng Regierungskoalitioun ze fannen.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Rick Mertens
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen