arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Federalismus an der Kris?

Jubiläum

|
reading time

3 min

Däitschland: Federalismus an der Kris?

Den däitsche Federalismus steet zanter Méint an der Kritik, well d'Muechtverdeelung an der Pandemie fir vill Konflikter a chaotesch Zoustänn suergt. Haut awer gëtt de federalen System gefeiert an de Bundespresident weist sech optimistesch, datt och dës Erausfuerderung gemeeschtert ka ginn.

reading time

3 min

Grad elo, wou en dach sou dacks an der Kritik steet, feiert den däitsche Federalismus e Jubiläum.

Bollwerk oder Muechtbegrenzung?

Haut de Moie koum de Bundesrat, d'politesch Interessevertriedung vun de Bundeslänner, fir seng dausendst Sëtzung zesummen a gouf virdrun nach vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier adresséiert.

Hien huet de Bundesrat als "Bollwerk unserer arbeitenden Demokratie" bezeechent an ënnerstrach, wéi wichteg de Federalismus fir Däitschland nom zweete Weltkrich an och bei der Reunifikatioun war.

Et léich awer och a senger Natur, sou de Steinmeier, datt et am federale System zu Konflikter tëschent de Länner an der Bundesregierung géing kommen. "Föderalismus bedeutet Machtbegrenzung", sot de Bundespresident an huet ënnerstrach, datt ëmmer méi verschidden Regierungskoalitiounen an de Länner entstinn an dëst d'Verhandlungen net méi einfach maachen - besonnesch elo an der Corona-Kris.

E sensibele Punkt, well d'Pandemie de Federalismus ëmmer nees a Fro stellt. Geet et ëm Coronarestriktiounen oder Lackerungen, wëllen d'Länner esou vill Autonomie wéi méiglech, d'Regierung awer esou vill bundeswäit Koherenz wéi méiglech.

Wéi de Stefan Braun vun der "Süddeutschen Zeitung" haut schreift, ass d'Pandemie fir de Federalismus zu engem Stresstest ginn, wéi et e virdrun nach net gouf. Déi üblech politesch Mechanisme fir Kompromësser ze fannen, wiere quasi ausser Kraaft gesat.

De bal scho rituelle Konflikt tëschent Regierung a Bundeslänner, dee bei all Ministerpresidentenkonferenz opkënnt an déi verschidde Reegelungen, déi vu Land zu Land anescht sinn, zementéieren dat oft zitéiert Bild vum "föderaler Flickenteppich".

Sondage: Federalismus ass kontraproduktiv

Do verwonnert et wéineg, datt bei engem rezente Sondage iwwert d'Hallschent vun de befrote Persoune mengen, datt de Federalismus an der Pandemie kontraproduktiv wier an nëmmen 19 Prozent gleewen, en hätt gehollef.

Besonnesch beim Thema Enseignement ass eng grouss Majoritéit dofir, der Regierung méi Afloss a Muecht ze ginn. E Mëttwoch war entscheet ginn, datt d'Decisioun, wéini a wéi Schoulen a Crèchen nees sollen opmaachen den eenzele Länner iwwerlooss gëtt. D'Kanzlerin Merkel sot bei alle Gemeinsamkeete misst si akzeptéieren, datt den Enseignement ebe Lännersaach wier.

"De System stéisst u seng Grenzen"

Trotzdeem suergen déi verschidde Positiounen hei ëmmer nees fir Konflikter a loossen d'Regierung net all ze gutt ausgesinn.

Stëmmen aus de Regierungsparteie stellen de Federalismus dofir ëmmer méi dacks a Fro. De Ralph Brinkhaus vun der CDU sot am Dezember, no der Pandemie misst een ouni Opreegung doriwwer diskutéieren, ob de Federalismus a senger momentaner Form nach leeschtungsfäeg wier.

Souguer de bayresche Ministerpresident Markus Söder, deen duerch seng relativ autonom Coronapolitik vill Support krut, sot am Oktober, datt de federale System u seng Grenze stéisst.

Et ass deemno en ongënschtegen Zäitpunkt fir de Federalismus ze feieren. De Bundespresident sot de Moien am Bundesrat awer de System hätt schonn allerhand Erausfuerderunge gemeeschtert an hie géing hoffen, datt och d'Pandemie herno als "bestandene Bewährungsprobe" vum Federalismus géing ugesi ginn.