Staatlech Hëllefen Däitschland: Ënnerstëtzung wéinst den héijen Energiepräisser

An Däitschland huet d'Regierungskoalitioun éischt Mesuren als Reaktioun op déi héich Energiepräisser décidéiert.

Jacques Ganser / cbi

Robert Habeck
Den grénge Wirtschafts- an Energieminister Robert Habeck. Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

Lauschteren


All Awunner soll eng eemol Energiepräis-Primm an Héicht vun 300 Euro kréien, Famillje solle fir all Kand zousätzlech 100 Euro kréien. Dat geet aus engem Pabeier ervir, deen haut publizéiert gouf.

D'Energiesteier um Sprit soll wärend dräi Méint erofgesat ginn an am selwechten Zäitraum sollen d'Tickete fir den ëffentlechen Transport just nach 9 Euro de Mount kaschten.

D'Mëtt vun der Gesellschaft soll esou séier an onbürokratesch gehollef kréien.

Energieeffizienz fërderen

Eng vun de Konditioune vum Accord wier d'Verbesserung vun der Energieeffizienz, seet de grénge Wirtschaftsminister Robert Habeck.

Et géif kee Sënn maache bei den héije Präisser vill ze subventionéieren, mee et misst een de Verbrauch reduzéieren.

Vun 2024 un soll all nei agebauten Heizung zu 65 Prozent mat erneierbaren Energie funktionéieren, Mazout a Gasheizunge sollen zum Auslafmodell ginn.

Méi zum Thema

Energie
Energiepolitik

Entreprisen, déi besonnesch ënner héijen Energiepräisser leiden, solle vun EU-Memberstaate gehollef kréien. Dat fuerderen d'Ministere Claude Turmes a Franz Fayot an engem Bréif un d'EU-Kommissioun, deen eis virläit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen