Chronik Däitschland: Den Exportweltmeeschter, dee kee méi ass
Den Exportweltmeeschter: Deen Titel huet Däitschland zanter enger ganzer Rei Joren. Firwat? Well d'Land an de leschte Joerzéngten däitlech méi an d'Ausland verkeeft wéi et selwer am Ausland akeeft. Domat ass et elo fir d'éischte Kéier zanter bal 15 Joer eriwwer. Heescht dat, datt et der däitscher Wirtschaft net gutt geet?, freet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Wann am Ausland iwwer déi däitsch Wirtschaft geschwat gëtt, da gëtt dacks den "German Mittelstand" gemengt. Déi Dosende vu mëttelstännegen Entreprisen, dacks vu Famillje gegrënnt an iwwer Joerzéngte gewuess, déi a klengen Nischen zu féierende Firmen um Weltmarché gi sinn. Oder et ass den "German Engineering", dee gemengt gëtt, déi grouss Multinationale wéi Siemens, BMW oder Bosch.
Sou oder sou: déi däitsch Wirtschaft genéisst op ville Plaze vun der Welt e gudde Ruff. Wat am Ausland awer schonn ëmmer e bësse méi skeptesch bekuckt gouf, war d'Handelsbilanz vum Land.
Wärend kleng, mëttel a grouss Entreprise vum Schwarzwald bis d'Nordsee monter an all d'Ecke vun der Welt exportéiert hunn, war Däitschland als Land e virsiichtegen Importateur.
Kritik un den däitschen Exporter
Dofir gouf et ëmmer nees Kritik - vun den internationale Partner, mee och innerhalb vum Land. Am Ausland war et a rezente Jore virun allem den Donald Trump, dee géint déi däitsch Exporter wollt virgoen.
Well Däitschland esou vill Produite géif aus dem Land erausginn, géifen dës Produiten zum Beispill vun amerikanesche Firmen net kënne produzéiert a verkaf ginn.
Mee och national war den Iwwerschoss vun der "Außenhandelsbilanz" net ouni Kritik. Ze ofhängeg vum Weltmarché wier een, d'Exportindustrie wier méi mächteg wéi d'Politik, aner Länner géifen dorënner leiden.
Den Titel vum Exportweltmeeschter, e war an deem Sënn also net ëmmer e wierklechen Titel.
Importer louchen am Mee iwwer den Exporter
An dësen Deeg allerdéngs ass Däitschland den Titel lass. Fir d'éischte Kéier zanter 2008 - also matzen an der Weltwirtschaftskris - huet Däitschland am Mee méi importéiert wéi exportéiert. A genauen Zuelen: Däitschland huet am Mee Bienen am Wäert vun 125,8 Milliarden exportéieren; am selwechten Zäitraum awer fir 126,7 Milliarden importéiert.
Datt d'Importer an absolutten Zuelen zougeholl hunn, dofir ass an éischter Linn d'Präisdeierecht responsabel - virun allem d'Importer vun Ueleg a Gas dreiwen d'Ausgabe fir Importer an d'Luucht.
Bei den Exporter ass et anescht. Datt dës ofgeholl hunn, läit net un enger feelender Demande - et läit vill méi dorunner, datt d'Entreprisen dës Demande net erfëlle kënnen.
Ee Beispill dofir ass d'Autosindustrie, déi ënner feelendem Material a Liwwerproblemer bei hiren Zouliwwerer leit. Gläichzäiteg sinn déi international Liwwerketten ënnerbrach, zum Deel wéinst dem Krich an der Ukrain, zum Deel awer och wéinst de Corona-Lockdowns a China.
Den Titel ass fort
De Bundesverband vun der Exportindustrie geet iwwerdeems dovun aus, datt een net mat enger séierer Besserung sollt rechnen. A wann Russland d'Gasliwwerungen an Däitschland tatsächlech ganz sollt ofbriechen, kéint d'Lag fir déi däitsch Wirtschaft nach méi elle ginn.
Den tatsächlechen Exportweltmeeschter ass Däitschland schonn zanter enger Rei Joren net méi - dat ass China. De symboleschen Titel ass Däitschland elo wuel och lass.
A wann d'Aschätzungen vun der Branche sech realiséieren, da kréie se en wuel och eng Zäitchen net méi zeréck.