Däitschland Däitsche Banker am CumEx-Skandal verurteelt
Am sougenannte CumEx-Skandal ass fir d'éischte Kéier en däitsche Banker verurteelt ginn. D'Strofmooss fir de Milliardebedruch: Fënnef an en halleft Joer. D'Urteel kéint e Präzedenzfall sinn. Allerdéngs ass nach net gesot, ob d'Urteel enger Revisioun wäert standhalen. Am CumEx-Skandal war den däitsche Staat, wéi aner Länner och, ëm Milliarde bedru ginn. Den Aktuelles vun eisem Däitschland-Korrespondent.
Bal op den Dag genau viru véier Joer ass d'Bomm geplatzt. Ufank Juni 2017 hu Recherchë vun ARD an der Wochenzeitung Die Zeit gewisen: Mat engem Steiertrick hu Banker den däitsche Staat iwwer Jore Suen aus der Täsch gezunn, op déi se keen Urecht haten. De Schued fir den däitsche Fiskus, sou deemools d'Aschätzung: op mannst 31,8 Milliarden Euro. Als Referenz: Dat ass méi wéi hallef sou vill wéi den däitsche Bundeshaushalt vun dësem Joer.
E Joer méi spéit ass dunn ënner der Leedung vum Recherchezentrum Correctiv de ganzen Ausmooss vum Schued an Europa kloer ginn: An eelef Länner, dorënner och zu Lëtzebuerg, goufe Suen aus de Staatskeese geklaut, andeems - ganz vereinfacht ausgedréckt - Steieren an Dividenden op Aktiegeschäfter - duebel ofgerechent goufen. Europawäit gouf geschat, datt ronn 55 Milliarden ëffentlech Euroen sou onrechtméisseg de Besëtzer gewiesselt hunn. De Bedruch zu Lëtzebuerg war op mannst zéng Milliounen Euro schwéier, huet deemools den Onlinemedium Reporter gemellt.
Biergerbeweegung Finanzwende: Verurteelung e Meilenstein
Elo ass also an Däitschland fir d'éischte Kéier en däitsche Banquier an dësem CumEx-Skandal verurteelt ginn. De Mann war Manager vun der Warburg-Bank, hien hätt sech deemno an 13 Fäll vu schwéierer Steierhannerzéiung schëlleg gemaach. Ufank lescht Joer ware schonn zwee Britte verurteelt ginn, allerdéngs just op Sursis.
Den däitsche Banquier riskéiert par Conter elo méi wéi fënnef Joer an de Prisong ze mussen. Nach ass d'Urteel net rechtskräfteg an wéinst verschidde Stolpersteng am Verfaren dierft d'Urteel an d'Revisioun goen. Trotzdeem weise sech besonnesch déi Leit, déi sech géint déi dubios Geschäfter asetzen, zefridden. De Gerhard Schick, Chef vun der Biergerbeweegung Finanzwende, sot, d'Urteel wier "e Meilenstein". Well de CumEx-Skandal d'Vertraue vu ville Leit an de Rechtsstaat kascht hätt, wier dës elo e wichtegt Signal an als Indemnisatioun ze verstoen.
Gesetzesännerunge géint Verjäerungsfrist
Mat dësem Urteel huet d'Landgericht zu Bonn besonnesch awer ënnerstrach, datt et sech beim CumEx-Skandal ebe net just ëm eng steierrechtlech onzoulässeg Praxis gehandelt huet, mee datt sech déi bedeelegt tatsächlech einfach strofbar gemaach hunn. D'CumEx-Geschäfter hunn an Däitschland och hiren Deel dozou bäigedroen, datt gewësse Gesetzesännerung erbäigefouert goufen. Sou gouf d'Verjärungsfrist fir Steierhannerzéiung an Däitschland vun zéng op 15 Joer ugehuewen - ouni dës Ännerung wiere grouss Deeler vun de Geschäfter, dorënner och där vum elo verurteelte Banquier, Ufank vun dësem Joer verjäert.