Däitsch-Lëtzebuergesch Grenz Däitsch Police: Méi streng Grenzkontrolle vum Dënschdeg un

Zanter dem Méindeg de Moie kontrolléiert déi däitsch Police d'Grenz op enger Rei Iwwergäng. Dat hat den däitschen Inneminister de Sonndeg schonn annoncéiert. Haut géif nach net esou streng kontrolléiert ginn, wéi et vum Dënschdeg un de Fall soll sinn. Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op enger Pressekonferenz de Moien. Et sinn awer och schonn haut Automobilisten net an Däitschland eragelooss an a Richtung Lëtzebuerg zeréckgeschéckt ginn.

Stepan Polet / cz

Policekotroll op der däitsch/lëtzebuergescher Grenz (Markusbierg)
Policekotroll op der däitsch/lëtzebuergescher Grenz

De Bäitrag vum Stephan Polet lauschteren


Um Internetsite vum däitschen Inneministère ass ze liesen, datt d'Grenzen an déi zwou Richtunge kontrolléiert ginn. Nodeem wat mir de Moien op der Plaz gesinn hunn, ginn den Ament awer just Autoen, déi a Richtung Däitschland fueren, kontrolléiert. Dat och net iwwerall, erkläert de Pressespriecher vun der Bundespolizeiinspektion Tréier, de Stefan Döhn.

"Wir führen diese Grenzkontrollen auf der Bundesautobahn 64 auf dem Rastplatz Markusberg und an den kleineren Grenzübergängen durch. Wellen und Wintchringen. Und am Grenzübergang Wasserbilliger-Brück."

De Moie kuerz no néng konnt een zu Waasserbëlleg allerdéngs nach keng Kontrolle beobachten. Do wou kontrolléiert gouf, konnt een awer feststellen, datt duerchaus Leit gestoppt an zeréckgeschéckt goufen. Esou och op der Tréier Autobunn, um Parking Markusbierg. Op d'Automobiliste Féiwer hunn, gouf net kontrolléiert.

"Wir sind eine Polizei. Wir sind keine Ärzte oder kein Gesundheitsdienst. Wir selektieren am Anfang der Kontrollstelle ... Deutsche und Personen mit Aufenthaltsrecht in Deutschland können natürlich einreisen."

Anerer missten noweisen, datt si an Däitschland schaffen. Wéi genee dat geet, wann ee net schonn en Zertifikat vum Employeur prett huet, war de Moien net ganz kloer. Ee Policebeamte bei der Grenz zu Iechternach sot de Moien, et géif een dat den Ament - Zitat - sou gutt wei et geet, nopréiwen. Et hat een den Androck, datt och d'Autoritéiten nach net ëmmer wëssen, wéi si hir Consignë sollen ëmsetzen.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen