INDUSTRIEPOLITIK Däitsch-Lëtzebuergesch Iddie fir Industrie 4.0
Däitschland a Lëtzebuerg setzen sech zesummen dofir an, eng méi europäesch Strategie fir d'Industrie ze entwéckelen. Dat geet aus engem Pabeier ervir, dee béid Länner op enger Reunioun zu Sofia presentéiert hunn.
Den Industriesecteur hätt eng Haaptroll gespillt an der Europäescher Unioun fir Wuesstem a Wuelstand. Dowéinst wier eng staark a kompetitiv Europäesch Industrie essentiell fir d'Zukunft vun Europa, heescht et am Pabeier.
Den Text weist konkret Mesuren op. Déi mussen an den Ae vun Däitschland a Lëtzebuerg beispillsweis am digitale Secteur geholl ginn.
"Digitaliséierung ass d'Häerz vun der Industrie 4.0"
Essentiell fir Business-Modeller am Industrie-Secteur wier ee Progrès an der Automatisatioun, also d'kënstlech Intelligenz. Fir Computere méi sécher ze maachen, wier eng gemeinsam Approche an der EU néideg, fir gutt Standarden ze erreechen.
D'Regierungen an den EU-Memberlänner missten dofir suergen, datt "eng sécher Zesummenaarbecht vun den Entreprisen op internationalem Niveau méiglech ass" a gläichzäiteg evitéieren, dem internationalen Handel "duerch exzessiv Reglementer oder ähnlech Obstakelen" Steng an de Wee ze leeën.
Batterien an Europa produzéieren
Wat d'Automobil-Industrie ugeet, muss an Europa zesummen un der Entwécklung vun Infrastrukture fir alternativen zu Bensin an Diesel geschafft ginn. Dowéinst wier et wichteg, datt d'Entreprise sech ënnerenee méi austauschen. Konkret appelléieren Däitschland a Lëtzebuerg, dofir ze suergen, datt an Europa Batterie fir Autoe kënne hiergestallt ginn.
D'Zukunft vun den Transport-Servicer gesinn d'Auteure vum Pabeier ganz enk liéiert un den Asaz vu méi Elektresch. Si appelléieren un d'EU, dofir ze suergen, datt déi respektiv Direktiven am Transport Secteur adaptéiert musse ginn.
"Enorme Potential an der Energie-Effizienz"
De gréngen Technologien dann ass ee ganzen Abschnitt am Text dediéiert. Energie-Effizienz speziell am Bausecteur géif als eng enorm Méiglechkeet ugesi ginn, fir d'Europäesch Ekonomie. De Pabeier bekennt sech och kloer zum Ecodesign an den Energie-Labelen - déi als Haapmoteur fir Innovatiounen bei Produiten ugesi ginn.
Wat d'Energien aus Wand oder Solarzellen ugeet, setzen sech béid Länner dofir an, datt d'Späicherkapassitéite misste vergréissert ginn. D'EU -Länner musse sech hirer Meenung no méi däitlech dozou bekennen, d'Technologien dofir weider ze entwéckelen.
Am Kapitel iwwert d'Initiative fir eng méi klimafrëndlech Industrie ass den Text manner ambitiéis. Hei gëtt staark drop gepocht, dat ëmmer drop gekuckt muss ginn, dat d'Reglementer net d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen, a Fro stellen däerf.
Besser Ausbildungsméiglechkeeten
Fir datt d'Strategie opgeet, brauch ee qualifizéiert Leit. Dowéinst mussen déi entspriechend Fächer op den Universitéite méi staark promovéiert ginn, heescht et am Pabeier. Et gëtt och drop higewisen, datt et speziell wichteg wier, dofir ze suergen datt méi Fraen an deene Beräicher present sinn.
D'Ministere proposéiere schliisslech, déi national Initiative méi zesummenzebréngen, an europäesche Plattformen, déi d'Europäesch Kommissioun nach dëst Joer organiséiere soll.
Däitschland a Lëtzebuerg haten dee Pabeier zesummen ausgeschafft, fir en op der Reunioun vun den EU-Ministeren zu Sofia de Kollege virzeleeën. E wier positiv opgeholl ginn, huet et aus Lëtzebuerger Regierungskreesser geheescht.
Däitschland a Lëtzebuerg wëllen elo probéieren, méi Länner dozou ze bréngen, den Text ze ënnerstëtzen. Op där nächster Reunioun vun de Ministeren am Kompetitivitéit-Conseil den 12. Mäerz soll driwwer diskutéiert ginn.