Radioen

On air

Concert  |  E Wiener Dreemert um Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitlech Kritik un der Grande-Duchesse

Waringo-Rapport

Däitlech Kritik un der Grande-Duchesse

De Spezial-Representant Jeannot Waringo, dee vum Premierminister mat engem Rapport iwwer d'Personalgestioun vum Haff beoptraagt gouf, fuerdert a sengem Rapport iwwer d'Personalgestioun eng Rei Reformen.

auto_stories

6 min

De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow

D'Grande-Duchesse hätt eng reng representativ Funktioun, hir Roll a Personalfroen an am Decisiounsprozess um Haff dierft keen Diskussiounssujet sinn. Hien hätt awer am Kader vu senger Missioun misse feststellen, datt déi wichtegst Personaldecisiounen, sief et beim Recrutement, der Affectatioun vum Personal oder sengem Licenciement, vun der Grande-Duchesse geholl géifen. A sengem Rapport hält de Jeannot Waringo fest, datt et zanter 2014 vill personell Mouvementer um Haff ginn huet. Ofgesi vun deene Leit, déi an d'Pensioun gaange sinn, hunn 51 Leit den Haff verlooss, dat bei engem Effectif vun 110 Mataarbechter.

De Spezial-Representant stellt och fest, datt d'Stëmmung um Haff gedréckt ass. Et géif wéineg no banne kommunizéiert an déi Leit encouragéiert, déi am mannste kritesch wieren. Wat d'Roll vun der Grande-Duchesse am Decisiounsprozess an a Personalfroen ugeet, schreift de Jeannot Waringo, et wier essentiell, datt d'Monarchie op dëse Punkte reforméiert gëtt. Et géif senger Meenung no keng aner Solutioun.

Éischt Reaktioun vum Haff op de Rapport

An engem Communiqué hëlt de groussherzoglechen Haff Kenntnis vun der Publikatioun vum sougenannte Waringo-Rapport. Den Haff géif am Sënn vu méi Transparenz a Moderniséierung konstruktiv matschaffe fir d'Recommandatioune aus dem Rapport ëmzesetzen.

De Jeannot Waringo confirméiert a sengem Rapport vill vun deem, wat an de leschte Méint an der Press geschriwwe gouf. Datt d'Stëmmung net gutt ass, an d'Personal Angscht huet.

Sou schreift de Spezial-Representant, ënner anerem:

"Dès mes premiers jours au Palais, j'ai senti une certaine anxiété auprès des collaborateurs, comme l'anxiété d'être reprimandé ou de perdre leur emploi."

Déi vill Departe wieren e weidert Zeeche fir dat schlecht Aarbechtsklima. A fënnef Joer hunn 51 vun am Ganzen 110 Mataarbechter den Haff op déi eng oder aner Manéier verlooss.

Beschäftegter berichte vu Geréngschätzung

Déi intern Kommunikatioun wier schlecht. Dofir heescht et am Rapport:

"La conséquence en est que également que les collaborateurs ont, pour certains au moins, le sentiment de ne pas être respectés, alors qu'ils s'investissent pleinement dans leur travail. D'autres au contraire, qui ont une attitude moins engagée professionellement mais également moins critique et plus docile récoltent davantage d'encouragements."

De Jeannot Waringo schwätzt net ronderëm de Bräi, doriwwer wou d'Responsabilitéit fir déi schlecht Personalgestioun leit.

"D'après les informations concordantes que j'ai pu receuillir, au cours de ma mission, auprès de très nombreux collaborateurs anciens et actuels de la Cour, les décisions les plus importantes dans le domaine de la gestion du personnel que ce soit au niveau du recrutement, de l'affectation aux différents services ou encore au niveau du licenciement sont prises par SAR, la Grande-Duchesse."

Dat huet de Jeannot Waringo, deen zanter dem Ufank vu senger Missioun all d'Personaldecisiounen aviséiert huet, och selwer esou erlieft, schreift hien.

An engem Fall, wou hien e Renseignement gefrot huet, koum d'Äntwërt vum Affekot vun der Cour.

De Rapport proposéiert kloer Rekrutementsprozeduren a méi Matsproocherecht fir d'Regierung

De Spezial-Representant mécht a sengem Rapport kloer Recommandatiounen. De Fonctionnement vun der Monarchie misst reforméiert ginn, well d'Grande-Duchesse just eng representativ Roll huet.

De Jeannot Waringo proposéiert net just fir kloer Prozedure fir de Recrutement anzeféieren, notamment bei der Ausschreiwung vun de Posten, wou kloer Tâchen a Profiller missten definéiert ginn. Mee den Accord vun der Regierung misst ofgewaart ginn, notamment, wat de Budget fir dës Posten ugeet.

Déi Reform soll sech och am Organigramm vum Haff erëmspigelen. De Jeannot Waringo schreift weider a sengem Rapport:

"Notre Constitution ne prévoit pas de fonctions officielles pour l'épouse du Grand-Duc. Dès lors, c'est le Grand-Duc, Chef de l'Etat, qui devrait seul figurer dans l'organigramme de la Cour."

Mat senger Propos geheit hien déi ganz Reform um Haff vun 2015 iwwer de Koup, bei där déi groussherzoglech Koppel e General Manager wéi bei enger Privatentreprise ageféiert hat. Deen General Manager hätt vill méi vag Aufgaben, déi sech doriwwer eraus mat anere Servicer géifen iwwerschneiden. Dofir mengt de Jeannot Waringo weider:

"Il ne serait probalement pas dénué de sens de réfléchir sur la suppression de ce poste. La job description du manager général ne répondait probablement dès le départ pas à un besoin réel de l'administration du Palais."

Rapport plädéiert fir méi Transparenz am Ëmgang mat ëffentleche Suen an eng kloer Trennung tëschent Privatem an Offiziellem

Déi fréiere Chef vun der Inspection generale des Finances plädéiert a sengem Rapport och fir méi Transparenz, wat d'Käschten zu Laaschte vun der Ëffentlechkeet ugeet. Senger Tabell no, zesummegestallt aus Budgetsposte vun diverse Ministèren, kascht den Haff, Gäertner a Polizisten inklusiv, dëst Joer 14,3 Milliounen Euro.

Also wesentlech méi wéi déi 10,6 Milliounen déi ënner de Poste fir d'Liste civile an d'Personalkäschten am Budget vum Staatsministère ausgewise ginn. Donieft huet de Spezial-Representant iwwerrascht festgestallt, datt d'Post zanter 1855 fir d'Kommunikatiounskäschte vum Haff opkënnt. Aktuell bezilt d'Post all Joer Timbere fir tëschent 10.000 a 15.000 Euro a Telefonsrechnungen fir bis 600.000 Euro.

De Jeannot Waringo plädéiert fir eng transparent Finanzgestioun, déi tëschent Privatem an Offiziellem trennt a mat Rapport annuel nom Modell vum schwedesche Kinnekshaus.

Rapport: Budgetsexekutiounsreegele ginn net respektéiert

Dovun ass een zu Lëtzebuerg wäit ewech. Zanter 1999 fält den Haff zwar ënner d'Budgetsexekutiounsreegele vum Staat, am Rapport heescht et awer:

"En dépit de cette obligation, clairement affichée, force est de constater que ces règles ne sont pas encore appliquées par l'Administration des biens de SAR le Grand-Duc."

Déi Reegele gesinn notamment d'Funktioun vum contrôlleur financier vir, deen iwwerpréift, op Ausgaben dem Budget entspriechen. Eng Fro, déi sech och am Kommunikatiounsdepartement vum Haff stellt. Dat geréiert net just dem Haff seng offiziell Websäit Monarchie.lu. Iwwer dee Site heescht et am Rapport:

"Il présente visiblement un look vétuste alors que le site privé 'grande-duchesse' présente un look résolument moderne."

Net kloer, ob ëffentlech Gelder an d'Fondatioun vun der groussherzoglecher Koppel gefloss sinn

Donieft géif sech d'Fro stellen, op d'Ekipp d'Säite vun der Fondatioun vun der groussherzoglecher Koppel an der Grande-Duchesse hirer Initiativ "standspeakriseup" fir Fraerechter geréiert.

Iwwer de Finanzement vun der Fondatioun schreift de Jeannot Waringo:

"Je voudrais insister que mes entretiens ne m'ont pas permis de conclure que les activités de la fondation et d'association sont clairement déconnectées de tout financement par l'Etat."

Déi Fro géif awer eng kloer Äntwert verdéngen.