Corona-Pandemie D'Zuele klammen nees

Fir d'éischte Kéier zanter siwe Woche gouf gëscht zu Lëtzebuerg nees e Stierffall gemellt wéinst dem Covid-19. D'Zuele weisen, datt et hei am Land zanter Nationalfeierdag eng zweet Well vun Infektioune gëtt. Nach awer klammen d'Zuelen net esou séier wéi am Mäerz.

Jean-Claude Franck / Serge Kesseler / cbi

Analys Coronavirus
Foto: Bigstock / hichamelattioui

De Bäitrag vum Serge Kesseler a Jean-Claude Franck lauschteren


83 nei Infektiounen huet d'Santé gëscht Owend gemellt: domat goufen et d'lescht Woch am Schnëtt 62 nei Infektiounen den Dag. Fir ze vergläichen: et goufen an de leschte véier Méint just dräi Woche mat enger méi héijer Moyenne pro Dag, an dat war den Ufank vun der éischter Well vu Mëtt Mäerz bis Ufank Abrëll.

Deemools war d'Croissance awer méi rapid a méi prononcéiert. Am Mee an am Juni war et bekannterweis nees méi roueg ginn: du goufen et am Schnëtt manner wéi zéng nei confirméiert Infektiounen den Dag.

Vill Tester net onbedéngt Grond fir déi héich Zuelen

Et gëtt zu Lëtzebuerg den Ament och sou vill getest wéi nach ni: wéinst dem Large Scale Testing goufen am Juli am Schnëtt méi wéi 7.000 Tester den Dag gemaach. Et ginn e puer Indicateuren dofir, datt déi zweet Well awer net just op déi vill Tester zeréckzeféieren ass.

Esou ass den Undeel vun de positiven Tester par rapport zu Gesamtzuel un Tester an de leschte Woche geklomm: d'lescht Woch war all 115. Test positiv. Als Verglach: Virun engem Mount war nëmmen all 770. Test positiv.

Donieft huet de Fuerschungszenter LIST erausfonnt, datt d'Corona-Wäerter am Ofwaasser Enn Juni nees geklommen sinn, wann och net sou staark wéi am Mäerz. Fir déi Etüd ginn d'Wäerter an de gréisste Kläranlage vum Land gemooss, 70 Prozent vun der Populatioun sinn domat ofgedeckt.

Hospitalisatioune klammen

An och d'Hospitalisatioune sinn zënter Mëtt Juni nees liicht geklomm. De leschten Zuelen no si 27 Persounen zu Lëtzebuerg wéinst Covid-19 hospitaliséiert. Dat sinn der souvill wéi net méi zanter Ufank Juni. D'Hospitaliséierunge klammen ëmmer mat engem gewësse Retard par rapport zu den Infektiounen: Deemno bleift och déi Entwécklung déi nächst Deeg ofzewaarden.

Iwwer de Weekend huet de Gesondheetsministère d'Zuel un Hospitalisatiounen net aktualiséiert. Samschdes a Sonndes ginn zanter e puer Woche just nach d'Nei-Infektiounen, d'Stierffäll an d'Gesamtzuel un Tester matgedeelt.

Méi zum Thema

Pressekonferenz Research Luxembourg Covid-19 Task Force
Test-Strategie

Bis de 6. Juli goufen am Kader vum Large-scale testing 268 Leit positiv getest. Dat si Leit, déi zum Deel guer keng Symptomer hunn, a sech net krank spieren, an doduerch fréi kënnen a Quarantän gesat ginn.

Paulette Lenert, Xavier Bettel
Corona-Kris

D'Regierung hätt sech fest virgeholl alles ze ënnerhuelen, fir en zweete Lockdown ze verhënneren, esou de Xavier Bettel. De Staatsminister huet den Appell widderholl, sech un d'Reegelen ze halen.

Romain Nati
Gesondheetssecteur

Wéinst méi Neiinfektioune mam Coronavirus mussen nees méi Patienten an de Spideeler behandelt ginn. De Generaldirekter vum CHL seet, et wier ee prett. Mee d'Bierger sollten d'Situatioun net muttwëlleg op d'Spill setzen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen