Frankräich D'Verankerung vun der Marine Le Pen an der franséischer Politik

A Frankräich stinn d'nächst Joer d'Presidentschaftswalen un. Vu September u wielen dowéinst d'Parteien an de sougenannte Primären hir Kandidatin oder hire Kandidat - ausser de rietsextreeme Rassemblement national. Deem seng Kandidatin steet nämlech zanter Laangem fest. D'Marine Le Pen wäert fir d'drëtte Kéier untrieden. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet sech mam Historiker Jean-Yves Camus iwwer d'Verankerung vun der Famill Le Pen an der franséischer Politik ënnerhalen.

Léonardo Kahn / cz

Marine Le Pen
Foto: picture alliance / NurPhoto / Elyxandro Cegarra

D'Regionalwalen de leschte Juni si fir de Rassemblement National méi schlecht gelaf, ewéi erwaart. Mat ënner 20 Prozent vun de Stëmmen an der nationaler Moyenne, huet d'Partei aacht Prozentpunkte am Verglach zu 2015 verluer. Dat bedeit allerdéngs net, datt se vun der politescher Bün verschwënnt. D'Partei wier zanter 40 Joer konstant an der franséischer Politik verankert, erkläert den Direkter vum Observatoire des radicalités politiques Jean-Yves Camus.

"Oui, il faut intégrer le fait que ça n'est pas un phénomène transitoire. Là vous au Luxembourg, vous avez eu dans les années 1990 un petit phénomène similaire qui a été le mouvement national, le National Bewegung qui avait été créé par Pierre Peters et qui avait frôlé la barre des cinq pourcents des voix, une fois, et qui ensuite c'est éteint. Donc ce type de phénomène, on peut l'appeler un phénomène passager. Mais en France on n'est pas du tout dans un phénomène de feu de paille."

1974 ass de Jean-Marie Le Pen fir d'éischt als Presidentschaftskandidat ugetrueden - deemools krut hie Mol net ee Prozent vun de Stëmmen. An de leschte Presidentschaftswalen ass seng Duechter op iwwert 20 Prozent komm - e Rekord fir d'Partei. Ob d'Marine Le Pen d'nächst Joer nach méi Stëmmen kritt, hänkt ënner anerem vun der Strategie vun der Gauche of, mengt de Riets-Extremismus-Fuerscher Camus:

"Ça dépendra aussi de la capacité de la gauche, qui a perdu beaucoup d'électeurs qui sont partis au Rassemblement National à reconstituer une social-démocratie qui soit à la fois une sociale démocratie sociale et écologique qui parle de nouveaux aux couches les plus modestes de la population."

"A force de voir du fascisme partout, on finit par enlever la résistance des gens au fascisme."

De Succès vun de Rietsextremiste beonrouegt d'Majoritéit vun de Fransousen, virun allem aus dem politesch lénke Lager. An engem Interview vum Online-Medium Mediapart qualifizéiert de fréiere Kandidat vum Parti socialiste Benoît Hamon d'Politik a Frankräich als faschistesch.

Méi spéit am Interview vergläicht hien d'Marine Le Pen mam fréieren US-President Donald Trump. Anescht wéi an den USA, wou nom Donald Trump d'Demokrate gewonnen hunn, hätt eng Victoire vum Marine Le Pen laangwiereg Konsequenzen, fäert de lénke Politiker Hamon.

"En France, en Europe, l'histoire du fascisme, du nationalisme, elle se termine toujours mal et elle ne se termine pas par une alternance tranquille."

Den Historiker Jean-Yves Camus ass kee Fan vun esou Aussoen:

"A force de voir du fascisme partout, on finit par enlever la résistance des gens au fascisme. Si tout le monde est fasciste, si Marine Le Pen c'est comparable au fascisme des années 30, honnêtement, il y a très peu de gens qui peuvent prendre ça au sérieux. Vous vous le savez au Luxembourg ce qui était le nazisme, c'est à dire une occupation étrangère, c'est à dire l'enroulement forcé, c'est à dire la tentative d'annexer la culture locale, d'imposer la germanisation. Je pense quand même qu'il faut faire la différence un moment donné."

Déi zwee Tier vun de Presidentschaftswale sinn den 10. an de 24. Abrëll 2022. Wéi eng Dynamik am Wahlkampf entsteet wäert wuel méi kloer ginn, wann d'Gauche bis decidéiert huet wie se an d'Renne schéckt. Ofzewaarde bleift och, ob de riets-konservative Kandidat Xavier Bertrand déi moderéiert Droite vu sech iwwerzeege kann.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Le Parlement européen as mis en place un nouveau système d'interprétation à distance
Parlement européen

Dès la fin mars 2020, le Parlement européen a mis en place un nouveau système d'interprétation à distance. Une prouesse technique qui ne va pas sans contreparties.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen