Franséisch Presidentiellen 2017 D'Stëmmung bei franséische Parteien zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg hu sech déi lokal Sektioune vun de politesche Parteie mobiliséiert. D'Sympathisante vun En Marche sinn zefridden. Bei de Sozialisten ass d'Enttäuschung grouss. Ee Stëmmungsbild.

Carole Schimmer / ys

En-Marche-Luxembourg.jpg
Symphatisante vum Emmanuel Macron zu Lëtzebuerg

Knapp 22.700 Fransouse sinn zu Lëtzebuerg op der Wielerlëscht fir d'Presidentiellen ageschriwwen. D'Participatioun louch fir den éischten Tour bei ronn 60 Prozent. De Kandidat vun En Marche, den Emmanuel Macron koum zu Lëtzebuerg op ronn 42 Prozent vun de Stëmmen. Wäit virum François Fillon (Les Républicains) mat 32,7 Prozent. France Insoumise erreecht zu Lëtzebuerg 9,7 Prozent a placéiert sech virum Front National mat 6,2 Prozent vun de Stëmmen.

De Lëtzeuberger Comité vun En Marche vum Emmanuel Macron war natierlech ganz zefridden iwwer d'Resultat beim éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen. Et wier een elo an der Halschent vun engem Match. "Mir woussten, datt mir wahrscheinlech ënner den zwee Kandidate wieren, déi weiderkommen. Mee eis war et wichteg ze gewannen", seet d'Christine Tribolet vum Lëtzebuerger Comité vun En Marche.

Fir deen zweeten Tour muss den Emmanuel Macron Alliéierter fannen. Déi hätte sech schonn zu Wuert gemellt, seet d'Christine Tribolet. "Souguer de Fillon huet gesot, d'Leit sollte fir eis wielen. Och dem Hamon sot, et sollt ee fir eis wielen."

Enttäuschung an Enthusiasmus

De Jean-Luc Mélenchon vun der France Insoumise huet um Wahlowend keng direkt Consigne ginn, fir den Emmanuel Macron am zweeten Tour z'ënnerstëtzen. "Ech ginn dovun aus, datt d'France Insoumise kollektiv zum Vote fir dee Kandidat wäert opruffen, dee Barrage géint de Front National wäert maachen. Och wa verschidde Persoune sech perséinlech wäerten enthalen", hat de Stéphane Menant vun der France Insoumise zu Lëtzebuerg, direkt no den éischte Resultater gesot.

D'Monique Dejeans vum PS ass enttäuscht

Ganz enttäuscht war d'Monique Dejeans vum Parti Socialiste. Nodeems de sozialistesche Kandidat Benoît Hamon zum Vote fir den Emmanuel Macron opgeruff hat, sot si: "Ech muss mir dat iwwerleeën. Ech weess et net. Mäi grousse Problem ass, datt ech ganz gär wéilt wëssen, wéi mir et bei de Legislative wäerte maachen. Ech weess net ob den Här Macron mat En Marche wäert 50,1 Prozent kréien, fir kënnen ze regéieren."

D'Zentristen vun der UDI déi mat Distanz de Fillon ënnerstëtzt hunn, sinn elo enthusiastesch fir En Marche ze ralliéieren. "Ech mengen et gëtt ee groussen, demokrateschen Elan", sou de Bruno Theret vun der UDI-Sektioun Lëtzeuberg. Déi traditionell Parteie sollte sech ronderem de Macron rassembléieren. "Hie wëll d'Fransousen zesumme brénge fir Frankräich een neit Gesiicht ze ginn."

D'Fillonisten vu Lëtzebuerg sinn enttäuscht. Awer si sinn engagéiert fir d'Marine Le Pen weider ze bekämpfen.

Méi zum Thema

Le Pen & Macron
Franséisch Presidentiellen 2017

97 Prozent vun de Stëmme sinn ausgezielt: Den Emmanuel Macron (En Marche) kënnt op 23,86 Prozent vun de Stëmmen. d'Marine Len Pen (Front National) op 21,43 Prozent.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen