D'Majoritéitsparteien hu sech iwwer de Summer net an d'Kaarte kucke gelooss, ob eng Steierreform kënnt oder net. An hunn domadder der Oppositioun d'Feld iwwerlooss. Den CSV-President huet d'Geleeënheet genotzt, fir eng méi staark Besteierung vu Leit mat grousse Verméigen ze fuerderen. Mee de Fränk Engel hat fir säi Virstouss am Interview mat der Online-Zäitschrëft "reporter.lu" kee Réckhalt a senger Partei, an huet missen zréck rudderen. D'CSV ass géint nei Verméigens- an Ierfschaftssteieren, huet den Deputéierte Laurent Mosar am Gespréich mam Rick Mertens kloer gestallt: "Mir hunn ee Programm an et ass deen, deen den Ament zielt."
Et wier net "total anormal", datt de Parteipresident sech un de parteiinternen Diskussioune géif bedeelegen, sou den Deputéierten, iwwer d'Aart a Weis kéint een awer diskutéieren.
Op d'Fro, ob hie sech géif wënschen, datt de Frank Engel weider Parteipresident géif bleiwen, äntwert de Laurent Mosar: "Ech hu ganz vill Wënsch. Mee déi wäert ech Iech och net de Moien hei all iwwert de Mikro erzielen." Op eng weider Nofro äntwert hien: "Ech soen näischt."
D'Theema vun der Steiergerechtegkeet hat awer offesichtlech een Nerv getraff
Am Réckbléck stellt sech och d'Fro, wéi eescht de Virstouss vum Frank Engel gemengt war. Nach Enn Mee hat hien hei um radio 100,7 an engem Face-à-Face mam LSAP-Fraktiounschef op dem Georges Engel säi Plaidoyer fir eng Verméigenssteier dat hei geäntwert.
"Ech mengen, datt déi definitiv keng Prioritéit ass. De Raisonnement, deen do ronderëm gefouert gëtt ass jo fir ze soen, a priori ass dat Geld jo scho Mol besteiert ginn ier et zu engem Verméigen accumuléiert ginn ass - qui est vrai. Do stelle sech juristesch Froen a Froe vu steierlecher Equitéit, déi mir net ganz mat den Hoer erbäi gezu schéngen."
D'Theema vun der Steiergerechtegkeet hat awer offesichtlech een Nerv getraff - all d'Parteien hu sech misse positionéieren. An ouni Iwwerraschung louchen d'Majoritéitsparteie an hiren Aussoen iwwer Verméigens-, Ierfschafts- a Kapitalbesteierung net ganz op enger Linn. Wuel och dowéinst huet den DP-Premier Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Oktober drun erënnert, datt de Regierungsprogramm d'Limitten definéiert, vun deem wat ka gemaach ginn.
"Et gi keng Experimenter, Spekulatiounen an Diskussiounen zu deem Grondsazprogramm, dee mir eis fir déi nächst Jore ginn hunn."
Och net am Koalitiounsprogramm virgesinn, mee awer ëmgesat: D'CO2-Steier
Obwuel se esou net am Koalitiounsprogramm virgesi war, kënnt d'nächst Joer awer eng CO2-Steier. Fir Menagë mat méi klenge Revenuë soll dës mat engem méi héije Steierkreditt, ausgeglach ginn. D'Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP hunn ënnert anerem kritiséiert, datt déi Steier net bei der Berechnung vun der Deirecht betruecht gëtt, also net iwwer den Index kompenséiert gëtt. Iwwerdeems misst den Accès zu klimafrëndlechen Alternativë méi gerecht sinn, hat d'OGBL-Presidentin Nora Back gefuerdert.
"Dat si Mesuren, déi net progressiv gestaffelt sinn. Dat heescht, dee mat der ganz décker Pai kritt d'selwecht vill fir seng Solarzellen ewéi dee mat der klenger Pai. An dee mat der klenger Pai ka se sech d'Solarzelle vläit souwisou guer net leeschten. Do ass souwisou dat energetescht Sanéiere vill méi schwéier ëmzesetzen."
Spezialiséiert Investmentsfonge ginn an Zukunft méi besteiert
Fir d'Steiergerechtegkeet vu Bedeitung sinn dräi weider Ännerungen déi 2021 a Kraaft trieden.
Wéi am Koalitiounsaccord versprach ginn Immobiliërevenuën an Zukunft méi besteiert, wa se iwwer spezialiséiert Investmentsfonge (FIS) gehale ginn. Dat beweegt grouss Promoteuren ewéi d'Gebridder Giorgetti elo dozou hir Immobilien an Terrainen aus den Investmentfongen nees eraus ze huelen, hat d'Lëtzebuerger Land gemellt.
D'Fongen hätten et erlaabt 90 Prozent manner Steieren op Loyersrevenuen ze bezuelen, hat de Max Leners vun der LSAP-noer Fondation Robert Krieps am 100,7-Interview geschat.
"An eisem Pabeier hu mir d'Beispill vun der La Luxembourgeoise geholl, déi een Immeubel op der Avenue de la Gare an dem Här Giorgetti säi Fong abruecht huet - vun enger Valeur vun 30 Milliounen Euro. Deen huet dann engem Joer ee Revenu locatif vun 300.000 Euro generéiert. Wann dee Revenu an der La Luxembourgeoise ugefall wier, hätte si 60.000 Euro Steiere bezuelt. Am Endeffekt hu se héchstwahrscheinlech eng 3.000 Euro un d'Allgemengheet ofginn, well et am FIS dra war."
2021 ginn och déi sougenannt Stock Options ofgeschaft, déi et erlaben een Deel vum Revenu als Optioun op Aktien auszebezuelt ze kréien - wourobber een da manner Steiere muss bezuelen ewéi op engem Salaire. Dëse Regime gëtt duerch eng Prime participative ersat, déi als Bonus fir Besserverdénger geduecht ass. Wéi vill dat de Staat kascht, ass net bekannt. Gerecht wier dee System net onbedéngt, huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth an der Chamber virgerechent.
"Mir fannen et awer bëssi cocasse. Wann Dir zum Beispill an engem Betrib zwee Leit hutt mat engem mëttleren Akommes vun 100.000 Euro. Dee nee kritt déi als Salaire bezuelt. Deen anere ka 25 Prozent als Boni bezuelt kréien. Wësst Dir, wat d'Differenz duerno am Netto ass? Deen dee vum Patron de Boni ausbezuelt kritt, huet um Enn vum Joer 5.000 Euro Netto méi a senger Lountut, ewéi deen, deen net vun deem Regime ka profitéieren. Mir fannen dat doutéis, well hei de Patron decidéiert iwwert ee Steierbevirdeelegungsregime."
Steieravantagë fir Immobilieninvestisseure komplett ofschafen?
DP, LSAP an déi gréng hunn dann decidéiert, fir den "Taux d'amortissement accéléré" ze reduzéieren. Immobilieninvestisseure kënnen esou manner vun de Steieren ofsetzen. D'Handelskammer an d'Chambre Immobilière hunn dat kritiséiert. De Finanzminister Pierre Gramegna huet sech awer iwwer eng breet Zoustëmmung an der Chamber gefreet.
D'Salariatskammer fuerdert, d'Steieravantagë fir Immobilieninvestisseurë misste komplett ofgeschafe ginn, well se d'Hausse vun den Immobiliepräisser géif undreiwen. Den CSL-Direkter Sylvain Hoffmann schwätzt vun enger Ëmverdeelung vun ënnen no uewen, well d'Proprietäre wieren an der Reegel Leit aus de méi héijen Akommeskategorien.
Grenziwwerschreidend Steiergerechtegkeet?
Wéinst der Corona-Pandemie krut dëst Joer d'Diskussioun iwwer déi grenziwwerschreidend Steiergerechtegkeet eng nei Dimensioun. Fir datt d'Frontaliere méi Teletravail kënne maachen, ass Lëtzebuerg drop ugewisen, datt d'Nopeschlänner Ausname bei de Besteierungsreegelen accordéieren. Bleift ofzewaarden, ob Lëtzebuerg no der Kris sengersäits da weider ka Steierausgläicher refuséieren. Nach kuerz éier de Coronavirus zu Lëtzebuerg ukoum, hat déi fir d'Groussregioun zoustänneg Ministerin Corinne Cahen där Fuerderung eng Ofso erdeelt.
"Ech mengen, dat ass eng Diskussioun, déi Lokalpolitiker mat hire regionalen an nationale Politiker féieren. Dat kann ee jo net esou pauschal soen. Mir sinn eis Eens, datt mir natierlech an Infrastrukture mussen investéieren, déi jidderengem ze gutt kommen, deen an der Regioun wunnt, sief dat op der enger oder der anerer Säit vun der Grenz."
Am neie Joer huet d'Chamber d'Geleeënheet iwwer all dës Themen ze debattéieren. D'LSAP hat eng Orientatiounsdebatt iwwer Steiergerechtegkeet, a méi konkret och iwwer d'Verméigenssteier proposéiert. D'Iwwerschrëft déi um Enn vun der Chamber fir déi grouss Debatt zréck behale gouf, fällt méi niichter aus: 2021 wëllen d'Deputéiert sech deemno mat der "Modernisatioun an den Defië vum Steiersystem" ausenaner setzen.