Haaptsad D'Stad Lëtzebuerg huet e Problem mat fiktiven Adressen

Aleng d'lescht Joer hätten iwwer 2.400 leit aus dem Populatiounsregëster misste gestrach ginn, well si guer net op där Plaz wunnen, op där si eigentlech ugemellt sinn. Eng grouss Partie dovunner wieren Abuse gewiescht. Dat confirméiert d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Rezent wieren d'Reegele verschäerft ginn.

Maxi Pesch / cz

Bréifkëschten
Foto: Bigstock / New Africa

Lauschteren


Bis d'lescht Joer konnt all Mënsch sech op egal wei enger Adress an der Stad Lëtzebuerg umellen an dat ouni iergendee legaalt Dokument musse virzeleeën. Dat hätt dozou gefouert datt eng ganz Partie Leit sech an der Stad op Adressen ugemellt hu wou si guer net wunnen, seet d'Stater Buergermeeschter.

"Et ass ganz oft datt se iwwerhaapt net hei wunnen. Mee datt se sech hei wëllen umelle fir an de Genoss vu verschiddenen Avantagen ze kommen", sou d'Lydie Polfer.

D'Stad Lëtzebuerg huet d'Reegelen d'lescht Joer verschäerft

An der Stad ugemellt si bedeit zum Beispill, datt d'Kanner do an d'Schoul kënne goen an d'Leit och Urecht op Sozialhëllefen hunn. Eleng d'lescht Joer hätt de Biergerzenter 2.464 Leit aus dem Populatiounsregëster gestrach. Fir d'Leit déi sech fiktiv op enger Adress ugemellt hunn kennen ofzemellen, muss d'Police op d'Plaz goe fir ze kucken op d'Leit och wierklech net do wunnen. Zwar wieren net all Fäll Abuse gewiescht, mee awer vill betount d'Lydie Polfer, déi keng genee Zuel konnt nennen. Eréischt zënter leschtem Joer hätt d'Stad Lëtzebuerg hier Reegele verschäerft.

Méi Kontroll virgesinn

Zanterhier bräicht een zum Beispill e contrat de bail an e Proprietär misst noweisen, datt him e Logement gehéiert. Donieft géif een dem Proprietär vun engem Immeuble erlabe fir nozefroen, wien am Gebai ugemellt ass.

"Dat war bis ewell méi schwéier. Et ass gesot ginn et kennt ee kengem Tiers déi Nooriichte ginn. Hors mir hunn elo ausgemaach, datt mir de Proprietär net méi als Tiers consideréieren."

Dat géif a verschiddene Gemenge souwisou scho sou gehandhaabt ginn, gëtt d'Lyddie Polfer zou. D'Problematik wier der Stad eréischt d'lescht Joer opgefall wéi méi Bierger dorop opmierksam gemaach hätten.

Méi zum Thema

Bréifkëschten
Unshell proposal

Bréifkëschte-Firmaen sollen an Zukunft net méi vu gewësse steierlechen Avantagë profitéiere kënnen: dat gesäit eng proposéiert EU-Direktiv vir. Steierberoder fäerten, datt och Firmaen ouni Virdeeler dovunner viséiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen