D'Federatioun vun de Sportfëscher schwätzt vun enger Katastroph fir d'Atert, absolut vergläichbar mat där virun annerhallwem Joer un der Uelzecht, wéinst dem Iwwerlafe vun der Kläranlag zu Beggen. Bis erëm an der Atert kéint gefëscht ginn, kéint et op d'mannst zwee bis dräi Joer laang daueren.
Fënnef Deeg no der Pollutioun vun der Atert huet de Claude Strotz e massiivt Fëschstierwen an der Baach festgestallt.
"Do hunn ech deen éischten doudege Fësch schonn zu Béiwen un der Atert fonnt, dat war eng Forell vun iwwer 50cm, wat natierlech extrem schued ass, well dat och déi Fësch sinn, déi fir den Nowuess an esou enger Baach suergen."
"Net genuch Wäert op Sécherheet geluecht ginn"
De Sportfëscher huet sech de Sonndeg och d'Biogas-Anlag an der Belsch ugekuckt, an där et een Dënschdeg gebrannt hat, a wouduerch de Piff an d'Atert gerode war. D'Réckhaltebecke wier net grouss genuch gewiescht, huet de Claude Strotz festgestallt. "Do ass einfach net genuch Wäert op d'Sécherheet geluecht ginn. A wann een da virun déi Biogas-Anlag kucke geet, an déi ass dann och nach ISO-zertifiéiert a vun der EU gefërdert, da gëtt een ëm sou méi rosen, datt do Steiergelder villäicht schlecht ëmgesat ginn".
D'Responsabilitéit fir den Ëmweltschued léich ganz kloer beim Exploitant vun der Biogasanlag, esou haut d'Waasserwirtschaftsamt.
