Neit Postgebai op der Gare D'Spigelbild vun enger moderner Entreprise

60 Milliounen Euro huet dat neit Postgebai op der Stater Gare kascht. De Mercier huet aacht Stäck an der Héicht an zwee am Buedem. Wat mam Hôtel des Postes um Aldringen geschitt, ass nach net gewosst.

Sophie Morang

Claude Strasser
De Claude Strasser, Generaldirkekter vun der Post, ass houfreg

Den Hôtel des Postes war bis elo de Siège vun der Post. Déi wëllt och Proprietär bleiwe vum charakteristesche Gebai, dat an de Joren 1908 bis 1910 no enger Iddi vum Architekt Sosthène Weis gebaut gouf. "Et lafen Negociatioune mat der Stad Lëtzebuerg, esou gutt iwwert den architektoneschen Aspekt vum Gebai wéi iwwert d'Reaffektatioun", seet de Postgeneraldirekter Claude Strasser. Et hat emol geheescht, et wieren Hoteller drun interesséiert. Nach kéint hien awer näischt confirméieren, esou de Claude Strasser.

Mercier: modern Struktur, wéi d'Post se brauch

"D'Post huet e grousse Schrëtt gemaach" seet de Claude Strasser. Dat neit Gebai - de Mercier op der Gare - hätt eng aner Struktur, eng aner Architektur wéi den Hôtel des Postes. Et wier adaptéiert un déi modern Funktiounsweis vun der Post. Am Virfeld si laang Gespréicher mat de Mataarbechter gefouert ginn, déi wieren och zefridde mat den neie Méiglechkeeten. D'Post huet hir Aktivitéiten all op zwee Sitte regroupéiert: Op der Gare an op der Cloche d'Or. Niewent dem Siège um Aldringen huet een och e Site zu Mamer opginn.

D'Cloche d'or bleift de gréisste Site. Engersäits sinn do Büroen mä anersäits och déi ganz Logistik. Dat geet vun den Entrepoten, bei d'Lager bis hin zu de Stocken.

Méi zum Thema

Claude Strasser
Post

Postguichete wäerten ni ganz verschwannen, seet de POST-Generaldirekter. De Claude Strasser kënnegt fir de Summer en neit Konzept u fir d'Postshoppen a verteidegt Käschteneffizienz.

Accord Singapore Post a Post Group
Logistik

Lëtzebuerg gëtt eng Plattform fir e-Commerce Commanden aus Asien. Vum Accord tëscht der Post a Singapore Post soll och d'Cargolux profitéieren, seet den Etienne Schneider.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen