OGBL D'Sozialpolitik vun der Regierung ass "insgesamt positiv"

D'Spuermesuren, déi d'Regierung 2014 annoncéiert hat, wären net néideg gewiescht, seet de President vum OGBL. D'Politik vun der Regierung hätt sech zënterhier awer an déi richteg Richtung entwéckelt.

Rick Mertens / fk

André Roeltgen
André Roeltgen, President vum OGBL

Den onofhängege Gewerkschaftsbond begréisst, datt d'Regierung eng Rei Belaaschtungen, déi duerch d'Spuermesuren entstane sinn, mëttlerweil nees zréckgezunn huet. D'Gewerkschaft gesäit doran "éischt Usätz vu sozialem Fortschrëtt". Als Beispiller nennt den OGBL-President André Roeltgen Verbesserunge beim Congé Parental, de Kompromëss an der Diskussioun ëm d'Aarbechtszäiten oder der Regierung hir Moossnahme fir de Laangzäitchômage ze bekämpfen.

Den OGBL fuerdert awer nach weider sozial Entlaaschtungen. Zum Beispill, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent erhéicht gëtt. Hie kéint "net jugéiere" wéi d'Chance stinn, datt d'Regierung dat nach virun de Chamberwahlen ëmsetzt, esou den André Roeltgen: "Ech weess just, datt mir dat fuerderen, an d'Regierung hätt all Interêt et ze maachen."

D'Preparatioun fir d'Wahlen leeft schonn

Den OGBL-President hat a senger traditioneller Ried fir den 1.Mee ugekënnegt, datt seng Gewerkschaft sech aktiv an de Wahlkampf fir d'Chamber wëllt amëschen. Den André Roeltgen seet d'Preparatiounen dofir wären "elo schonn am Gaang". Des Woch hat den OGBL Entrevuë mat de Responsabele vun der CSV an der LSAP. Reunioune mat der DP, deene Gréngen, an Déi Lénk si scho geplangt.

Et hätt kee Wäert "eréischt zwee Méint virun de Wahlen" unzefänken d'Partei-Programmer ze jugéieren, seet den André Roeltgen. "Et probéiert een elo Afloss ze huelen, op d'Diskussiounen, d'Denken an d'Wëllensbildung an den eenzele Parteien."

Den OGBL trefft sech an den nächste Woche mat alleguerten de Parteien, déi an der Chamber vertrueden sinn, ausser mat der ADR. Hei gesäit den André Roeltgen keng programmatesch Schnëttmengen: "Mir gesinn net, datt mir do iergend e positiven Afloss kënnen hunn op hir Programmer, déi wäitreechend nationalistesch a populistesch sinn."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

RER
Bankesecteur

A "Riicht Eraus" iwwert de Bankesecteur huet den ABBL-Direkter Serge de Cillia den OGBL schaarf kritiséiert. D'Gewerkschaft géif mat "Methoden aus den 80er Jore" schaffen.

Pierre Gramegna
Staatsfinanzen

De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) verdeedegt de Spuer- a Steierpak, deen de Vize-Premier Etienne Schneider (LSAP) als "Fehler" bezeechent huet. Fir déi Ausso géif et eng plausibel Erklärung ginn.

schneider1.jpg
Aussoen zum Zukunftspak

"Den Zukunftspak war e Feeler" – dat hat de Wirtschaftsminister Étienne Schneider e Samschdeg an engem Interview am Lëtzebuerger Wort gesot. Bannent der Koalitioun gëtt dës Ausso nuancéiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen