Deconfinement "D'Schoulrentrée ass net fräiwëlleg"

Premières-Schüler, déi haut net an d'Schoul ginn, musse mat Konsequenze rechnen, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. D'Studentenorganisatioun UNEL an d'Enseignantsgewerkschaft SEW hunn de Primaner de Moie geroden, net an d'Schoul ze goen, wa si Angscht hu sech mam Coronavirus unzestiechen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Claude Meisch
Den Educatiounsminister Claude Meisch. Foto: Archiv

De Bäitrag vum Rick Mertens lauschteren


Den Educatiounsminister äntwert dorop, d'Schoulrentrée wier net fräiwëlleg: D'Decisioun, wéini et nees sécher ass fir an d'Schoul ze goen, géif bei der Regierung leien, an net bei den Elteren an de Schüler.

4 vun 1.000 Schüler sinn infizéiert

Nodeems de physeschen Unterrecht siwe Wochen ënnerbrach war, sinn d'Ofschlossklassen haut déi éischt, déi nees an d'Schoul ginn. Virun der Rentrée haten d'Schüler d'lescht Woch d'Méiglechkeet getest ze ginn - ronn 40 Prozent vun de Primaner hätten dat och gemaach, esou de Claude Meisch.

Hien hätt sech awer eng méi breet Participatioun erwaart, mee et géif ee gesinn, datt de Virus do just minimal verbreet wier. Op dausend Schüler wieren der véier positiv getest ginn, esou de Claude Meisch.

Tracking an der Schoul

Wa Schüler sech mam Coronavirus ustiechen, gëtt dee selwechten Tracking gemaach, wéi bei anere Leit. D'Santé géif sech dorëms këmmeren, net den Educatiounsministère, esou de Claude Meisch. Ob d'ganz Klass da muss doheem bleiwen, misst cas par cas decidéiert ginn.

"Da gëtt gekuckt: mat wiem war deen dote Schüler, oder deen doten Enseignant an deene leschte Wochen a Kontakt. An da ginn déi Leit getest, an da gëtt festgestallt, ob si mussen a Quarantän goen, oder ob si dann awer erëm direkt kënnen an d'Schoul, an hiert privat Liewen normal féieren."

Anescht wéi um Ufank vun der Kris misst awer net méi déi ganz Schoul zoumaachen, wann ee Schüler positiv getest gëtt, esou de Claude Meisch.

Dat Wichtegst vum Schoulprogramm fäerdeg kréien

Bis d'grouss Vakanz ass et net méi laang. Duerch d'Ënnerbriechung duerch d'Corona-Kris wier et awer net méiglech fir de Programm op den ënnerschiddleche Klasse fäerdeg ze kréien. Déi lescht Woche géifen och net duergoe fir alles nozehuelen, wat virdrun net konnt gemaach ginn. Dat wier awer och net d'Ambitioun gewiescht, seet de Claude Meisch.

"Mir hu viru Woche scho gesot: mir musse kucken, datt mer definéieren, wat dat Wichtegst ass, dat Essentiellt, dat mer an dësem Schouljoer nach musse maachen - a wat ënner dëse schwieregen Ëmstänn och nach ka gemaach ginn."

Dat géif fir den Apprentissage à distance gëllen, mee och fir de Presenzunterrecht gëllen. Et kéint een awer och nach "déi eng oder aner Prüfung maachen", fir ze decidéieren, wien d'Joer gepackt huet a wie vläicht net. "Mee mir wëssen, datt mer elo natierlech net alles kënne maachen, dat op engem normale Léierplang steet." Et géif een den Enseignante am Secondaire vertrauen, "datt si elo nach dat Wichtegst maachen, dat de Schüler brauch, fir am September erëm unzefänken".

No siwe Woche sinn d'Premières-Schüler de Moien nees an d'Schoul gaangen. D'Nächst Woch ass et dann och un deenen anere Lycéesschüler, an de 25. Mee un de Grondschüler.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Corona-Kris

Mëtt nächster Woch wäert d'Regierung entscheeden, ob et den 11. Mee zu weideren Deconfinementer kënnt, seet de Xavier Bettel. D'Decisioun géif op Basis vun den Infektiounszuele geholl ginn.

Reouverture vun de Chantiere mat Backtracing
Coronavirus

Fuerscher hu berechent, wéi vill Infektiounen, Intensivpatienten an Doudesfäll ze erwaarde sinn - wann een de Lockdown bäibehält oder ophieft, respektiv wa just d'Chantieren nees opginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen