Spaceindustrie D'Satellittenindustrie am Wandel

De Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES huet Schlësselposten am Management nei besat, nëmme kuerz virun der Presentatioun vun de finanzielle Resultater vun 2017. D'SES-Aktie huet an de leschte Joren u Wäert verluer. Analyste maache sech Suergen ëm d'Zukunft vun der Firma. Eppes ass sécher: d'Satellitenindustrie ass am Wandel, an och d'SES kënnt net laanscht dee Wandel.

Maxi Pesch / cz

SES Satellit
SES-12-Satellit

"De Verwaltungsrot vun SES hätt kee Vertraue méi an d'Performance vum Lëtzebuerger Satellitte-Bedreiwer gehat." Mat deene Wieder huet en en Analyst vu Barclays an der Financial Times de Wiessel an der SES-Generaldirektioun kommentéiert. Den Analyst ass dovun ausgaangen, datt d'SES während den nächsten dräi Joer net genuch Liquiditéiten hätt, fir hir Dividenden auszebezuelen. Am Abrëll 2015 hat d'SES-Aktie ee Wäert vu bal 35 Euro erreecht. Esouvill wéi zënter laangem net méi. Haut ass d'Aktie nach ronn zwielef Euro wäert. Och de Récktrëtt vum Michel Sabbagh hat en negativen Impakt op de Marché.

D'Aktie fält

Den 23. Februar wäert SES hir finanziell Resultater virstellen. E bëssen iwwerraschend huet d'Firma vu Betzder sech dës Woch nach virun der Presentatioun vum Joresbilan en neie Generaldirekter an en neie Finanzdirekter ginn. De Steve Collar ersetzt de Karim Sabbagh als CEO, den Andrew Brown gëtt CFO. Den zukünftegen Direkter Steve Collar kéint eng nei Dynamik an d'Firma bréngen, mengt de Mark Holmes, Journalist beim spezialiséierte Magasinn Via Sattelite. De Steve Collar géif fir Innovatioun an der Industrie stoen. 2011 gouf de Collar neie Generaldirekter vun O3B, eng britesch Entreprise déi Internetverbindunge ronderëm d'Welt ubitt, net iwwert grouss an deier geostationär Satellitten, mä iwwert méi kleng Medium Earth Orbit Satellitten, kuerz MEO. D'Firma gehéiert zënter Mëtt 2016 zu 100 Prozent der SES, mä fir de Rescht ass d'Lëtzebuerger Firma éischter op d'Iwwerdroe vun Televisiounsprogrammer iwwert déi grouss geostationär Satellitte spezialiséiert, kuerz GEO.

De Steve Collar an de Karim Sabbagh hätte verschidde Management Stiler, seet de Mark Holmes. A senge véier Joer bei SES hätt de Karim Sabbagh verschidden interessant strategesch Schrëtt gemaacht. Et misst een elo ofwaarden, wéi de Steve Collard mat dësem Challenge ëmgeet. De Journalist freet sech, wisou SES hire Generaldirekter a Finanzdirekter zéng Deeg virun der Presentatioun vun de finanzielle Resultater ausgetosch hätt.

Wéi eng strategesch Ausriichtung fir d'Zukunft?

Bei SES ass et natierlech eng aner Klack. Datt de Karim Michel Sabbagh duerch de Steve Collar ersat gëtt, hätt näischt mat der finanzieller Situatioun vun der Entreprise ze dinn, seet den SES Spriecher Markus Payer. Mä et stellt sech d'Fro, ob d'SES sech ënnert dem Steve Collar méi op déi nei Marchéen zoubeweege wäert oder ob si hirem Kärgeschäft trei bleift, mengt de Mark Holmes.

Hien hätt vill Succès als fréiere Generaldirekter vun der Firma O3b gehat, déi op MEO Satellitte spezialiséiert ass. Elo misst hien eng Strategie fir de Videoberäich virleeën, dem Kärgeschäft vun SES.

D'Aktivitéit vun O3b ass haut d'Haaptsource vum ekonomesche Wuesstem vun der SES. Fir de kommerzielle Réckgang an de Kärberäicher wéi der Iwwerdroung vu Fernsehprogrammer ze kompenséieren, setzt de Lëtzebuerger Satellittebedreiwer weider op d'Iwwerdroung vu Breetband-Donnéeën, äntwert d'Elodie Viau, Project Manager bei SES. De Basismarché vun SES wier Video, mä zënter e puer Joer géif et eng grouss Progressioun an d'Richtung Data, Mobility an Network.

SES wéilt och weider hire Kärbusiness vun de geostationäre Satellitten ausbauen. Et géif een déi zwou Technologië verbannen, erkläert de Spriecher vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer Markus Payer. Et géif weiderhi vill Méiglechkeete fir MEO a fir GEO. Am Kader vu GEOnext géif een analyséieren, wéi een d'Virdeeler vun den zwou Technologië kéint verbannen. Mat dëser neier Generatioun vu GEO Satellitten hätt een an Zukunft nach méi Méiglechkeeten.

Iwwerlieft den traditionelle Marché?

Bei Airbus, zu Toulouse, hat SES dës Woch hire rezentste Satellit, den SES-12 presentéiert. Dëse soll am Mäerz 2018 op Orbit geschoss ginn. Dëse steet symbolesch fir den traditionelle Marché vum Satellittebedreiwer. Et ass dee stäerksten total elektresche Satellit, dee jee gebaut gouf. Nei Konkurrente sinn d'Streaming-Plattforme fir Video, wéi och aner international Kommunikatiounsbetriber wéi Facebook. Si stellen de klassesche Satellittebusiness a Fro, well si hir Servicer méi einfach a méi bëlleg wëllen un d'Konsumente bréngen.

D'SES kritt also elo ee risege Satellit geliwwert, deen esou net nach eng Kéier wäert bestallt ginn. D'Elodie Viau erkläert, datt SES an Zukunft wahrscheinlech éischter mëttelgrouss Satellitte wäert bauen. Déi nei, voll digital Satellitte bräichte manner Equipementer u Bord. Doduerch kéint ee méi kleng Satellitte bauen, déi méi flexibel a méi bëlleg sinn.

D'Firma misst sech awer weider adaptéieren, fir de Konkurrente wéi der Videoplattform Netflix entgéint ze wierken. Sky TV huet rezent ugekënnegt, Persounen déi keen Accès zu engem Satellit kënnen hunn, iwwert optesche Faser a Breetband mat Videoinhalter ze versuergen.

Interviewe mam demissionnéierte CEO Karim Sabbagh oder mam neie CEO Steve Collar ware sou kuerz virun der Presentatioun vun de finanzielle Resultater net méi méiglech. Äntwerten, wéi den neie Management op déi nei Defie reagéiere wëllt, ginn et also fréistens op der Bilanspressekonferenz.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

LuxGovsat 2
Launch

De GovSat-1 ass am Weltraum ukomm. 30 Joer nom Lancement vum Lëtzebuerger Astra 1A-Satellit schwätzt d'Regierung elo vun engem neie Kapitel. Wéi koum et zum Militärsatellit a wat bréngt e Lëtzebuerg?

Michel Delage Kommentar
Lobbyismus

De Magasinn Politico ernimmt de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an engem Klassement vun europäesche Perséinlechkeeten. De Space-Business ënnerstëtzt hei een Hoffnungsdréier, mengt de Michel Delage.

Koichi Wakata
Staatsvisite

Bei der Staatsvisite a Japan gouf en Accord fir eng Kooperatioun am Weltraum-Secteur ënnerschriwwen. Och d'Japan Aerospace Exploration Agency stellt sech als interessante Partner fir Lëtzebuerg duer.

Groundstation
Weltraumindustrie

Lëtzebuerg ass e Pionéier, wat Weltraum-Investissementer ugeet, seet de Journalist Peter de Selding. Lëtzebuerg wier bereet, Risiken anzegoen. Doduerch géif d'Land an Europa un éischter Plaz stoen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen