arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Reserve vun der Gesondheetskeess klammen

Gesondheetswiesen

|
reading time

4 min

D'Reserve vun der Gesondheetskeess klammen

2017 huet d'Gesondheetskeess 2,85 Milliarden Euro u Recettë kritt. D'Depensë louche bei 2,7 Milliarden. D'Reserve ginn an Infrastrukturen a Leeschtunge investéiert. Dat geet aus dem Rapport vun der CNS fir d'Joer 2017 ervir.

reading time

4 min

Fir 2017 konnt d'Gesondheetskeess hir Reserven em 150 Milliounen eropsetzen. Am Ganze leien d'Reserven elo bei 737 Milliounen Euro, wat 27,3 Prozent vum Joresbudget entsprécht.

D'Depensë vun der Kranken- a Maternité-Versécherung louche bei 2,7 Milliarden Euro. Den Haaptposte mat engem Budget vun 2,5 Milliarde Euro sinn d'Gesondheetsleeschtungen, de Rescht vum Budget gëtt fir d'Verwaltung a fir d'Geldleeschtungen ausginn.

Manner Ausgabe pro Assuré

Mam méi héije Wirtschaftswuesstem ginn nei Aarbechtsplaze geschaaft. Dat dréit dozou bäi, datt d'Recettë vun der Gesondheetskeess an d'Luucht ginn. Op der Depensësäit ginn et manner Ausgabe pro Assuré, well déi Leit, déi um Aarbechtsmaart eng nei Plaz besëtzen, méi jonk si wéi de Rescht vun der Populatioun. Si huele manner Leeschtungen an Usproch an dat gëllt besonnesch fir d'Frontalieren, déi an hirem Land gefleegt ginn, esou de Paul Schmit, President vum Direktiounscomité vun der CNS:

"Déi Leit ginn an hirem Heemechtsland gefleegt, wou d'Käschte méi niddreg sinn. Eng Rëtsch Leeschtungen, déi iwwer déi europäesch Direktive festgeluecht ginn, iwwerhëlt d'CNS, d'Gesondheetskeess, mee de finanziellen Impakt fir d'CNS ass manner héich, wéi wa si hei am Land geleescht gi wieren."

Decidéiert gouf, datt déi zousätzlech Reserve vun 2017 net komplett erëm engagéiert ginn. Och wa verschidde Prestatioune besser oder iwwerhaapt rembourséiert ginn.

Cotisatioune ginn net erof

Et gouf och zesumme mat de Sozialpartner decidéiert, d'Cotisatioune bäizebehalen, a se also net erofzesetzen. Dëst, well een nei Leeschtungen agefouert hätt, a well nei Infrastrukture geschaafe ginn, wat och zu zukünftegen Ausgabe féiert. Dohier verdeedegt de Generaldirekter vun der Gesondheetskeess, de Paul Schmit, eng virsiichteg Ausgabepolitik. Normalerweis solle just zéng Prozent vun engem Budgetsiwwerschoss an d'Reserve fléissen. Déi substanziell Reserve sollen elo awer fir zukünfteg Depensë bäibehale ginn, seet de Paul Schmit:

"Zu Lëtzebuerg ass zesumme mat de Sozialpartner 2014 ofgemaach ginn, datt een net un de Cotisatiounstaux géif goen. Dat ass och eng Erklärung dofir, datt et esou ee groussen Excedent gëtt. Dat fannen ech richteg, wann een déi da kann asetze fir déi Erausfuerderungen, déi op eis zoukommen."

An den nächste Jore ginn et ganz Rëtsch u Käschten, déi een haut net ka genee chiffréieren. Virum éischten Oktober muss nach d'gesamtbudgetär Enveloppe fir d'Spidolswiesen opgestallt gi fir d'Joren 2019 an 2020. Mam Akraafttriede vum neien Kollektivvertrag ginn d'Budgeten erop. Weider ass et den Accord iwwer eng Verlängerung vun de Krankeschäiner, vun 52 op 78 Wochen, déi och d'Käschte wäerten an d'Luucht dreiwen.

Infrastrukture ginn ugepasst

Iwwerdeems gi Spidolsinfrastrukturen ugepasst. Concernéiert ass d'Kierchbierger Spidol, dat neit Südspidol, den Ausbau vum CHL. Ouni d'Garden an den Urgencen ze vergiessen, wat och zu enger Hausse vun den Ausgabe wäert féieren, esou de Paul Schmit.

Dobäi kënnt, datt am Budget vun der CNS d'lescht Joer d'Käschte fir de Remboursement vun den Psychotherapië virgesi waren. Well et keen Accord tëschent der Gesondheetskeess an de Vertrieder vun den Psychotherapeuten, der Fapsylux, gëtt, gouf d'Mediatioun declenchéiert. D'CNS insistéiert drop, datt eng Prise en charge nëmmen da méiglech ass, wann een Dokter eng limitéiert Unzuel u Consultatiounen verschriwwen huet. D'Therapeute wëllen awer méi eng large Interpretatioun vum Gesetz.

Nei Konventiounen

2018 gouf iwwerdeems d'Gesetz iwwer de Remboursement vun den Osteopathe gestëmmt. Do gëtt dëst Joer iwwer eng Konventioun verhandelt. Grad ewéi mat den Ergotherapeuten, Dieteticienen an de Podologen. Verschidde Konventioune mat den Hiewanen an de Psychomotoriker zum Beispill, mussen erneiert ginn.

Op der Depensesäit misst een och d'Changementer am Beräich vun den Urgencen ënner d'Lupp huelen. Den CHL an den Hôpital du Kierchberg hu jo wëlles vum nächste Joer un am Dag parallel Garden ze assuréieren, bannent deenen nächste fënnef Joer soll dat och nuets ëmgesat ginn.

Sträitpunkt Tiers Payant

Ee Sträitpunkt mat der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun ass de generaliséierten Tiers Payant, wou de Patient d'Suen net muss virstrecken, wann hie bei den Dokter geet. D'AMMD ass dogéint, d'CNS wollt den Tiers Payant, dee fir den Ament fir mannerbemëttelt Stéit applizéiert gëtt, ausbauen. Dëst, wann d'Rechnunge méi héich sinn, oder am Spidolswiesen, seet de Paul Schmit:

"Et soll ee kucken déi Beräicher, wou een den Tiers Payant soll applizéieren, auszebauen. Well mir wësse wéi sensibel dee Sujet bei den Dokteren ass, wollte mir en net generaliséieren. Elo muss ee kucken, wéi déi Diskussioun nach weidergeet, wann eng nei Regierung do ass."

Och d'Diskussioun iwwer déi nei Nomenclature fir d'Dokteschleeschtungen dierft eréischt no de Wahle relancéiert ginn.