Wirtschaft a Soziales "D'Regierung mécht sech Gewerkschaftsthesen zu eegen"

De fréieren Direkter vun der ABBL a Generaldirekter sortant vun der UEL kritiséiert, datt d'Regierung d'Säit vun de Gewerkschafte géif anhuelen. Dat kéint een am Aarbechtsrecht feststellen, genee wéi an der Finanzpolitik, der Gouvernance vun der Sécurité Sociale, de Pensiounen an deemnächst och am Konsumenteschutz, sou de Jean-Jacques Rommes.

Françoise Keller / cz

Jean-Jacques Rommes
Jean-Jacques Rommes

Am Lëtzebuerger Sozialdialog gëtt et ee fundamentalen Desaccord iwwer d'ëffentlech Finanzen, seet den designéierten neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot, Jean-Jacques Rommes. Wéinst deem Desaccord géif de Rot den Avis iwwer déi ekonomesch, sozial a finanziell Situatioun vum Land net méi richteg hikréien an et géif dowéinst och net vill Sënn maachen, fir Tripartitten ze organiséieren.

"Mir hunn däitlech eng Regierung, déi sech Gewerkschaftsthesen zu eege mécht, an déi zu de Betriber eigentlech méi an engem Kader vu Sonndesriede steet, wéi datt se reell um Terrain, wann et ëm d'Wurscht geet, géif zu eis halen."

CES wëll weiderhi konstruktiv matschaffen

Dat dierft de Wirtschafts a Sozialrot awer net dovun ofhalen, sech zu Themen anzebréngen.

De Jean-Jacques Rommes verweist ënnert anerem op den Avis iwwer de Mindestloun. D'Regierung hätt een Avis vun der Salariats- an ee vun der Patronatssäit kritt. Hie stellt fest, datt d'Regierung an dësem Fall eng Decisioun geholl hätt, déi probéiert huet déi zwou Säiten ze verstoen.

Och wann hien den éischte Mäerz definitiv President vum CES wäert sinn, géif sech seng Denkweis op dësem Punkt net änneren. "Ech mengen ech ka meng Bluttgrupp jo net onbedéngt verleegnen", seet de Jean-Jacques Rommes. Hie wäert awer probéieren "konstruktiv iwwer déi Themen ze schwätzen, iwwer déi mir kënnen eppes Konstruktives hikréien".

PIB a Fro stellen

Den nächsten Avis vum Wirtschafts a Sozialrot wäert iwwerdeems d'Fiabilitéit vu Statistiken - a virun allem vum PIB - op de Leescht huelen, seet de Jean-Jacques Rommes. Op Basis vun engem PIB deen an der Reegel dräi - heiansdo souguer véier Joer réckwierkend rektifizéiert ginn - wier et onméiglech fiabel Ausblécker an d'Zukunft ze maachen, seet de Jean-Jacques Rommes.

"Dir wësst de PIB net deen dräi Joer hannerun iech läit an dir maacht Previsiounen (...) no dem PIB deen dir mengt deen an zwee Joer wier, da sidd dir sechs Joer falsch. An dat ass jo awer spektakulär."

Extrem vill Aschätzungen an Entscheedunge géife vum PIB ofhänken, sou den designéiert President vum Wirtschafts- a Sozialrot. "Mir menge vläicht mir wäre räich a mir sinn et vläicht guer net. Mir mengen och vläicht mir wären aarm a mir sinn et a Wierklechkeet guer net. Dat ass jo eigentlech intolerabel, mee ass awer esou", sou nach de Jean-Jacques Rommes.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Paul Olinger a Romain Schmit
Betribsbesteierung

Déi nei Etüd iwwer Steieren an der EU ass Schrott. Där Meenung ass den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger. D'Etüd soll beweisen, datt grouss Konzerner an der EU bal néierens de reale Steiertaux bezuelen.

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

Michel Würth
UEL

Ënnert der leschter Regierung war de Besteierungstaux scho vun 29 op 26 Prozent erof gaangen. Mä d'Betriber géifen haut 50 Prozent méi Steiere bezuelen, wéi nach viru fënnef Joer, seet de Michel Wurth.

Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?
Chamberwahlen 2018

Wat fir eng Besteierung fir Stéit, Betriber a Patrimoine? Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

Steierpolitik
Steierpolitik

D’EU-Kommissioun plangt eng nei, eenheetlech Besteierung vun de Konzerner, ACCIS. Fir Lëtzebuerg kéint dat fatal sinn, fäert d'UEL. D'Lëtzebuerger Betribsbesteierung wier dann net méi kompetitiv genuch.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen