D'Piste wiere vum Jeannot Waringo virgezeechent ginn; elo wier et un der Regierung, Verantwortung ze iwwerhuelen, sou de Paul-Henri Meyers. Hien huet den Androck, datt tëschent den Institutioune probéiert gëtt, een deem aneren déi "waarm Gromper" weiderzereechen, mee:
"Fir mech ass et kloer: Hei ass d'Regierung gefuerdert. D'Applikatioun vun de bestoende Gesetzer muss an den nächste Méint geschéien. Do kann een net waarden, an do ass och keng Ursaach, kee Grond do fir do nach jorelaang ze waarden. Dat muss direkt geschéien."
Monarchie net a Fro gestallt
De laangjäregen CSV-Deputéierten a Verfassungsspezialist Paul-Henri Meyers mengt net, datt d'Monarchie prinzipiell a Fro gestallt gëtt hei am Land, no den Erkenntnisser, déi de Jeannot Waringo a sengem Rapport iwwer d'Personal- a Finanzgestioun um Haff festgehalen huet. De Paul-Henri Meyers mengt awer, datt séier muss gehandelt ginn, an hie gesäit virun allem d'Regierung an der Verantwortung.
Net fir alles bräicht een eng Verfassungsännerung, mengt de Paul-Henri Meyers. De Jeannot Waringo hätt opgewisen, datt d'Organisatioun vum Haff zäitno iwwer Gesetz kéint gereegelt ginn. De Projet dofir misst vun der Regierung kommen.
D'Regierung huet de Rapport nach net kommentéiert
E Freideg huet de Premier de Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun um Haff, deen hien an Optrag ginn hat, ëffentlech gemaach. Hie selwer huet d'Analys vum Jeannot Waringo dee Moment schonn eng Woch gehat. Mee nach ëmmer huet hien, de Xavier Bettel, de Rapport net kommentéiert.
Firwat hie sech zeréckhält, ass och dem Paul-Henri Meyers net ganz kloer. Hie weess och net, ob et eppes domat ze dinn huet, datt de Rapport eréischt e Mëttwoch an der Chamber virgestallt gëtt. "Dat muss een an den nächsten Deeg gesinn. De Premier kënnt jo net derlaanscht, fir ee Moment Stellung ze bezéien."
Post vum Affekot
Ufanks Juli zejoert huet de Jeannot Waringo seng delikat Missioun fir d'Finanz- a Personalgestioun um Haff ze analyséieren, ugetrueden. Véier Méint laang huet hien ongestéiert geschafft, bis ufanks November, op eng spezifesch Fro, déi hien dem Maréchal de la Cour gestallt hat, e Bréif vun engem Affekot koum.
De Jeannot Waringo beschreift am Rapport, wéi hie sech vun deem Moment un als Élément perturbateur gefillt hätt. Och dem laangjäregen CSV-Deputéierte Paul-Henri Meyers feelt d'Verständnis fir déi deemoleg Decisioun vum Haff, en Affekot anzeschalten.
"Jo, dat fannen ech och gelungen. An ech muss Iech soen, ech bedaueren eppes an ech hoffen, datt d'Chamber dat och freet: Wa rieds geet vun engem Bréif vun engem Affekotebüro, da wier et Usus gewiescht fir dee Bréif bäizefügen. Fir och ze gesinn, wat dann do lass war. An ech mengen d'Chamberkommissioun kënnt net derlaanscht. Op jiddwer Fall, wann ech an deem Fall wier, géif ech soen: Ech géif dee Bréif gär gesinn."