Uber a Co sinn an Zukunft wëllkomm op de Lëtzebuerger Stroossen - wa si sech un d'Reegelen halen. Entreprisen, déi ee sougenannte VLC-Service hei am Land wëllen ubidden, mussen d'Aarbechts-, Sozial- a Steierrecht applizéieren, seet de François Bausch.
"Wat net geet, dat ass datt Uber seet: mir hunn iwwerhaapt näischt mat deem ze dinn dee fiert, mir sinn hei einfach iergendeng Déngschtleeschtungsplattfom, a wann do een Independant op eiser Plattform fiert, domat hu mir näischt ze dinn, dee muss just dann 30 Prozent bezuelen, well en déi Plattform notzt."
Chauffeure vu VLC-Servicer mussen dann - grad wéi iwwregens och neierdéngs d'Taxischaufferen - ee speziellen Examen ofleeën. Et géif net drëm goe fir eng Schikan anzebauen, mee fir sécherzestellen, datt d'Passagéier sécher vun A op B bruecht ginn.
Limitatioune ginn opgehuewen
Bei der "Voiture de location avec chauffeur" muss de Präis fir eng Course och am Virfeld ofgemaach sinn, am Taxi leeft weider den Taximeter mat. Aner Neierung: d'Zone ginn ofgeschaaft. Taxie kënnen also an Zukunft iwwerall am Land fueren. Parallel dozou gëtt d'Limitatioun vun de Lizenzen opgehuewen, erkläert de Mobilitéitsminister François Bausch.
"Dat heescht et kann ee souvill Autoen a Chauffeuren an Taxien am Asaz hu wéi ee wëll, dat gëtt dem Taxiwiesen dann och méi eng grouss Flexibilitéit."
Et ass eng Reform vun der Reform déi elo usteet. D'Ännerunge vun 2016 haten net dat erhofften Zil erreecht, nämlech: méi eng héich Offer a méi niddreg Präisser. Dat soll dës Kéier awer klappen, sou de François Bausch:
"Et ass jo elo der Fantasie keng Grenz méi gesat. Vu datt et keng Zone méi gëtt, kann den Taxischauffer selwer decidéieren, wéi e seng Präisstruktur mécht. Ech hunn dann niewendrun d'VLCen, déi een am Virfeld muss bestellen, also et gëtt eng aner Dynamik am Marché."
Geplangt ass, datt déi nei Reegelen de 1. Januar 2022 a Kraaft trieden.