Flüchtlingen "D'Quintessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun"

Den Europäesche Geriichtshaff huet de Recours vun Ungarn an der Slowakei géint den Ëmverdeelungsmechanismus vun der EU ofgelehnt. Ee wichtegt Uerteel, seet de Jean Asselborn. Den Ausseminister kritiséiert Ungarn schaarf.

Carole Schimmer / ys

Europäesche Geriichsthaff
Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg (Foto: picture alliance / Horst Galuschka dpa)

Ungarn an d'Slowakei musse géint hire Wëllen Flüchtlinge ophuelen. Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet de Recours vu béide Länner géint den Ëmverdeelungsmechanismus vun der EU ofgelehnt.

Am September 2015 hat den EU-Rot decidéiert, datt bis zu 120.000 Refugiéeën aus Italien a Griicheland an déi aner EU-Memberstaate géife relokaliséiert ginn. Ungarn an d'Slowakei haten dogéint geklot. D'Cour européenne de justice huet an hirem Arrêt festgeluecht datt déi Décisioun vum EU-Rot, déi mat qualifizéierter Majoritéit geholl gouf, konform zu den Traitéen ass.

Dee Relokaliséierungsmekanismus wier den Ëmstänn ugepasst an hätt d'Zil gehat Griicheland an Italien z'entlaaschten. Och wann d'Decisioun ouni Consultatioun vum Europaparlament getraff gouf, wieren d'Prozeduren agehale ginn, sou d'Geriicht.

E politescht Uerteel?

D'Slowakei wëllt den Arrêt akzeptéieren, och wann et an den Aen vum Regieurngschef Robert Fico ongerecht wier. Ungarn wëllt sech weiderhin dogéint wieren. Et wier eng politesch Decisioun, sot den ungareschen Ausseminister Péter Szijjártó.

An der Europäescher Unioun kéint een de Conseil, d'Komissioun an och d'Parlament kritiséieren, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

"Wann een awer fundamental déi juristesch héchsten Institutioun, d'Cour d'appel de justice, a Fro stellt, a wann ee seet 'dat do ass e politescht Uerteel', dat geet extrem, extrem wäit. Sou ass et a verschidde Länner ugaangen, déi haut keng Demokratie méi sinn."

D'EU-Kommissioun kann elo ee Vertragsverletzungsverfahren an d'Weeër leeden, a Sanktioune proposéiere géint déi Länner, déi sech net un där Relokaliséierung bedeelegt hunn. Éischt Schrëtt huet d'Kommissioun schonn ugekënnegt. Et géif een eng Klo géint Polen, Ungarn an Tschechienareechen, wa si an den nächste Wochen net hir Haltung änneren, sou den EU-Kommissär fir Migratioun Dimitris Avramopoulos.

"Solidaritéit a Verantwortung"

D'EU-Kommissioun huet och ugedeit, datt net vill Persounen an Italien oder Griicheland eligibel wieren.

"Fir den Ament sinn a Griicheland 2.800 Persounen, déi op eng Relokaliséierung waarden. A weider 2.000 Persoune ginn nach eligibel. Dëst Joer si 7.200 eligibel Persounen an Italien ukomm. Dovunner goufen der awer just 4.000 registréiert."

Et ass net kloer wat dat an der Praxis bedeit, wann d'Slovakei an Ungarn d'Decisioune vum Conseil missten ëmsetzen, de Gilles Despeux, Spriecher vum Europäesche Geriichtshaff. Déi Relokalisatioun vun de Flüchtlingen hätt an dësem Fall an zwee Joer sollte geschéien. Vu September 2015 bis September 2017.

"An der Realitéit gëtt et also keng praktesch Applikatioun méi well den Delai quasi ofgelaf ass. Et muss ee gesinn, datt vill Memberlänner net matgespillt hunn, datt et e Mangel u Cooperatioun gouf. Dat ass een Argument, wat Ungarn an d'Slowakei och opbruecht hunn. Si soten de Conseil hätt d'Relokalisatioun vun 120.000 Flüchtlingen an aner Memberlänner ordonnéiert, awer dee Chiffer géif nimools bis Enn September erreecht ginn."

Prinzipiell wier d'Uerteel awer extrem wichteg, seet de Jean Asselborn. "Hei geet et ëm d'Quitessenz vun der Basisiddi vun der Europäescher Unioun: Solidaritéit a Verantwortung."


Lauschtert zwee Bäiträg vum Carole Schimmer vum 6. September zum Sujet:

Wat bedeit den Arrêt?

Reaktiounen op den Arrêt

Méi zum Thema

Jonk afghanesch Flüchtlinge wëlle fort aus Griicheland
Exodus

2.200 onbegleeten, mannerjäreg Flüchtlinge ginn et a Griicheland. Nëmmen all Zweeten huet eng Plaz an engem Heem. Déi aner sinn op sech gestallt, a riskéiere sexuell exploitéiert ze ginn.

Jean Asselborn
EU-Flüchtlingsspolitik

D'EU-Staaten hunn an der Migratiounspolitik versot, mengt de Lëtzebuerger Ausseminister. Dem Jean Asselborn no wier Solidaritéit bannent der Unioun ee Ganzt, dat een net kéint a Stécker schneiden.

Chios_CB.png
Keng direkt EU-Fonge méi

Op de griicheschen Inselen hänke 14.000 Flüchtlinge fest. Vun August u kréien d'ONGe keen direkten Zougang zu EU-Gelder méi. Kleng Benevolsorganisatiounen zu Chios fäerten e Vakuum.

Flüchtlinge kommen op der griichescher Küst un
Bilan Flüchtlingskris

Knapp 2.000 Mënschen hunn dëst Joer hei am Land eng Asyldemande gestallt, liicht manner wéi nach zejoert. Europawäit war et och ee Réckgang. An awer sinn sech d'EU-Memberstaaten net eens ginn.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen