Fräie Mikro D'Politik muss sech nei erfannen

De grousse Verléierer vun de Wahlen waren d'Sondagen. Si hunn am Virfeld e Bild ofginn, dat d'Dynamik vum Wahlprozess an d'Ongewëssheet vu ville Wieler ënnerschätzt huet, mengt de Laurent Moyse.

Laurent Moyse / cbi

Meenung Laurent Moyse

Wéi d'Resultater um Wahlowend vum 14. Oktober lues a lues bekannt goufen, ware vill Leit iwwer den Ausgang iwwerrascht. D'Sondagen haten eis bis dohinner all sechs Méint an Otem gehalen an eis eng méi wéi wahrscheinlech Ännerung an der Koalitiounsbildung virgezeechent. Datt et net dozou komm ass, beweist eemol méi, datt d'Verhale vum Wieler sech an der Wahlkabinn entscheet a néierens soss.

En ähnlechen Trend, wéi an anere Länner

Wann een d'Resultater ënner d'Lupp hëlt, falen engem e puer Saachen op. Éischtens verzeechent Lëtzebuerg en ähnlechen Trend, wéi aner demokratesch Staaten, nämlech d'Ofschwächung vun de grousse Volleksparteien, déi während engem gudden Deel vum 20. Joerhonnert déi dominant politesch Kräften ausgemaach hunn. Déi chrëschtlech-sozial a sozialistesch Ideologien hu Schwieregkeeten, sech inhaltlech ze erneieren, ënner anerem well déi Wäerter, fir déi si an der Vergaangenheet agetruede sinn, sech progressiv änneren.

Am Géigesaz zu villen anere Länner huet sech awer de Wielerwiessel nëmme begrenzt am Riets- oder Lénksradikalismus erëmfonnt. Vill méi konnt sech dat liberaalt Lager - trotz stänneger Kritik aus der Gesellschaft géint de sougenannten Neoliberalismus - zimlech gutt halen. Dat ekologescht Lager - trotz onbegrenztem Massekonsum an eiser Gesellschaft - säi beschte Score iwwertreffen, an d'Piraten - déi anerwäerts erëm an der politescher Anonymitéit verschwannen, sech zu Lëtzebuerg als frësch Parlamentskraaft etabléieren.

Eng komplizéiert Zukunft

Et ass vill iwwer den Echec vun der CSV an iwwer déi nei gegléckten Oplag vun der Dräierkoalitioun gesot a geschriwwe ginn, mee eng distanzéiert Analys weist drop hin, datt déi Wahlen eis op eng wahrscheinlech méi komplizéiert politesch Zukunft wäerte steiere loossen. Wuel ass zu Lëtzebuerg keng Zersplitterung vun der Parteielandschaft komm, wéi een dat am Ausland dacks an der leschter Zäit erlieft huet. D'Parteie réckelen awer an hirer Sëtzzuel, wéi an hirer Stëmmenzuel, ëmmer méi no.

Wann deen Trend sech fortsetze sollt, heescht dat, datt d'Parteien ëmmer méi Problemer wäerten hunn, sech ofzegrenzen. Eng Tatsaach, déi ee schonn an hirem programmateschen Aspekt ëmmer nees feststellt. Dat heescht, datt an Zukunft den Ausgang vu Wahlen ëmmer méi vu Leaderfiguren, onofhängeg vun hirer politescher Ausriichtung, kéint bestëmmt ginn.

De politesche System muss sech erneieren

D'Tatsaach, datt vill Wieler kuerz virun de Wahlen net woussten, fir wéi eng Kandidaten oder fir wat fir eng Lëscht si sech géifen entscheeden, weist drop hin, datt net nëmmen d'Parteien, mee allgemeng de politesche System sech erneiere muss, fir datt déi demokratesch Fundamenter net iergendwann a Gefor geroden.

D'Fro stellt sech, ob déi grouss Ideologië vum 20. Joerhonnert hir Unzéiungskraaft definitiv verléieren a wat an deem Fall amplaz kënnt. D'Postindustrialiséierung vun eise Gesellschafte verännert eist Ëmfeld därmoossen, datt d'Politik sech nei erfanne muss an eng zefriddestellend Äntwert op all déi Froe fanne muss, déi d'Bierger sech stellen an déi eis Zukunft solle gestalten.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Laurent Moyse
Lauschteren

Méi zum Thema

Thierry Simonelli Meenung
Fräie Mikro

Wéi ass déi Rietskéier an der Weltpolitik ze verstoen? Et handelt sech net ëm e plëtzleche "Rietsruck", mee ëm eng joerzéngtelaang Tendenz, déi Wëssenschaftler bekannt ass, mengt den Thierry Simonelli.

Marc BAUM
Chamberwahlen 2018

D'Piratepartei wier vu ville Leit an der Ëffentlechkeet als eng Lénkspartei wouer geholl ginn, si wier awer eng liberal Partei, sou de Marc Baum. Dee Constat géif méiglecherweis d'Resultat vun déi Lénk bei de Chamberwahlen erklären.

LSAP
Chamberwahlen 2018

D'LSAP muss sech erëm op sozialistesch Wäerter zeréck besënnen, seet den Nando Pasqualoni vum lénke Fligel vun der Partei. Ëmweltschutz mat enger sozialer Komponent misst Deel vun der LSAP-Politik sinn.

Jeff Engelen
Chamberwahlen 2018

Wann d'CSV an der Wahlcampagne d'Propos vun der ADR ugeholl hätt, fir als gemeinsame Camp op ze trieden, dann hätt de Wieler eng Alternativ gehat. Dat seet den ADR-Norddeputéierten, Jeff Engelen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen