Uerteel vum EUGH "D'Politik muss minimal Standarde setzen"

Den Dan Kersch wëllt ofwaarde wéi eng Conclusiounen um Niveau vum europäesche Ministerrot aus dem Uerteel gezu ginn, dat den Europäesche Geriichtshaff de Mëttwoch a Saachen Erfaassung vun den Aarbechtszäite gesprach huet. Dem Arrêt vu gëschter no mussen d'Staaten dofir suergen, datt d'Betriber an d'Employeure Systemer bei sech installéieren, déi et erlabe genee ze moossen, wéi laang all eenzele Mataarbechter all Dag schafft.

Maurice Molitor / cz

Dan Kersch
Den Aarbechtsminister Dan Kersch

Den Dan Kersch wëllt ofwaarde wéi eng Conclusiounen um Niveau vum europäesche Ministerrot aus dem Uerteel gezu ginn, dat den Europäesche Geriichtshaff de Mëttwoch a Saachen Erfaassung vun den Aarbechtszäite gezu ginn.

Wa sech géif erausstellen, datt misst no-legiferéiert ginn, da wäert dat gemaach ginn, sou den Aarbechtsminister. "Lëtzebuerg wäert dann eent vun deenen éischte Länner sinn, déi dann - wann eng nei europäesche Regulatioun kënnt - dat och zu Lëtzebuerg wäert transposéieren", seet den Dan Kersch.

Den Dan Kersch mengt awer, datt Lëtzebuerg mat senger aktueller Legislatioun an deem Beräich u sech scho ganz gutt opgestallt ass.

"Et geet also drëm fir Systemer en place ze setzen, wou een engersäits net an en Iwwerwaachungsstaat kënnt, och net an eng total Iwwerwaachung vum Salarié duerch de Patron, op där anerer Säit awer Moyenen zur Verfügung stellt, wou ganz kloer festgestallt gëtt: Wat gehéiert zu der Aarbechtszäit a wat gehéiert net dozou? Dat ass e schwéieren Equiliber, deen ze fannen ass - wou mir awer net bei null ufänken. Et gëtt an deem Beräich eng ganz Rei vu Jurisprudenzen, déi ganz genee festhalen: Wat ass als Aarbechtszäit ze definéieren? Wat ass et net? An et ass opgrond vun deene Jurisprudenzen, wou mir musse probéieren elo ze legiferéieren."

Den Dan Kersch fillt sech duerch den Europäesche Geriichtshaff a senger Analys bestätegt, datt - an der Relatioun tëschent Patron a Salarié - de Salarié gewéinlech dee Schwaachen ass. Dat war och e Message vum Uerteel, dat d'Cour virgëschter, Mëttwoch, a Saachen Erfaassung vun den Aarbechtszäite gesprach hätt. Den Aarbechtsminister gëtt awer och zou, datt déi méi flexibel Aarbechtszäit-Modeller, déi zum Beispill duerch déi modern Kommunikatiounsmëttele méiglech sinn, net just den Employeuren entgéint kommen, mee och zum Virdeel vum Salarié kënne sinn.

Et wier kloer, datt et keng win-win-Situatioun fir jiddweree kéint ginn, "dat wier och verréckt", sou de Mininister. Et wier der Politik hir Aufgab fir minimal Standarden ze setzen, datt d'Verhältnis tëschent Employeur a Salarié gerecht bleift.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

De Jean-Claude Juncker am Gespréich mam Danièle Weber
25 Joer radio 100,7

De Jean-Claude Juncker lauschtert de radio 100,7 gär, seet hien am 100,7-Interview. Op d'Geheimdéngschtaffär ugeschwat schwätzt hie vun enger "korrekter" a "propperer" Aarbecht vun den 100,7-Journalisten.

Digitaliséierung
Digitaliséierung

Duerch d'Digitaliséierung géif d'Aarbecht engersäits automatiséiert an anerersäits flexibiliséiert ginn, esou eng Etüd. D'Flexibiliséierung hätt awer méi staark Auswierkungen zu Lëtzebuerg.

Aarbechtszait
Sozialdialog

Den LSAP-Wirtschaftsminister seet, hie wéilt iwwer d'40-Stonne-Woch diskutéieren. D'Unioun vun den Entreprisen wëll um Modell festhalen. OGBL an LCGB wëlle sech nach net äusseren.

Marc Baum
Reform PAN-Gesetz

Trotz Kompensatioune riskéiert eng méi flexibel Aarbechtszäit-Organisatioun, sou wéi d'Regierung se virgesäit, en défaveur vun de Salariéen auszefalen, warnt den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum.

20150618-nicolas-schmit--1024x629.jpg
Sträit ëm Aarbechtszäit

"D'Propose fir eng Reform vum PAN-Gesetz ass esou gutt ewéi prett", sot eis den Aarbechtsminister op Nofro hinn. Den Nicolas Schmit gesäit Patronat a Gewerkschaften de Méindeg 21. Mäerz fir iwwert den Text ze verhandelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen