Gesondheetssecteur D'Patientevertriedung waart weider op e Projet fir den Tiers payant

D'Regierung huet nach kee konkrete Projet fir den allgemengen Tiers payant anzeféieren, bedauert de President vun der Patientevertriedung. Et hätt een awer gesot kritt, datt doru geschafft gëtt, esou de René Pizzaferri.

Serge Kesseler / cz

René Pizzaferri
De René Pizzaferri ass President vun der Patiente Vertriedung Asbl a vun Amiperas

De René Pizzaferri erënnert drun, datt schonn zanter den 1980er Joren iwwer d'Aféierung vun engem System geschwat gëtt, fir d'Prise en Charge vun alle Prestatiounen direkt duerch d'Gesondheetskeess.

D'Patientevertriedung hofft, datt de Sozialminister Romain Schneider zesumme mat der CNS de System vum Tiers payant généralisé esou séier wéi méiglech aféiert. Datt d'Dokteschvereenegung AMMD strikt dogéint ass, versteet de René Pizzaferri net. D'AMMD géif mat falschen Argumenter schaffen, dat hätt sech an der Diskussioun och erwisen.

Amiperas stellt am Hierscht Fuerderungskatalog vir

De President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri ass zanter gutt 14 Deeg och President vun der Amiperas. Déi zwee Poste wiere kompatibel an och zäitlech wier dat fir hie kee Problem, erkläert de René Pizzaferri.

D'Amiperas mat hire ronn 15.000 Memberen ass Member vun der Asbl Patiente Vertriedung. D'Amiperas - déi sech selwer d'"Stëmm vun de Senioren" nennt, wëllt am Hierscht hire Fuederungs-Katalog presentéieren, gouf ugekënnegt. "Dat bedeit e ganz villschichtege Programm, ob dat d'Gesondheet, d'Renten, d'Ëmwelt, de Verkéier ass", sou de René Pizzaferri. An deem Kader wäerten och d'Membere consultéiert ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Tiers payant Illustratioun
Tiers payant

Weiderhin déck Loft tëscht der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun AMMD engersäits, an dem Sozialminister an der CNS anerersäits. Een Ausléiser sinn d'Diskussiounen ëm d'Verallgemengerung vum Tiers Payant System.

tiers payant
Tiers Payant

Haut gëtt an der Chamber iwwert d'Verallgemengerung vum sougenannten Tiers payant System diskutéiert. De Minister Romain Schneider begréisst d'Debatt, d'Dokteschassociatioun AMMD ass géint dëse System.

Romain Poos
Tiers payant

De President vum Conseil supérieur vun de Gesondheetsberuffer fuerdert, datt an Zukunft déi héich Rechnunge vum Patient vum Tiers payant System iwwerholl ginn, dëst awer nëmmen zu engem Deel.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen