arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Onofhängegkeet vu Schottland

Chronik

|
reading time

2 min

D'Onofhängegkeet vu Schottland

Bei de brittesche Parlamentswale goufen et am Fong zwou Majoritéiten. Déi absolutt Majoritéit vum Boris Johnson an de Konservativen, an dann déi grouss Victoire vun der Schottescher National Partei a Schottland. D'SNP krut 48 vun de 59 schottesche Sëtz zu Westminster an hëlt dat als kloert Mandat fir en neien Onofhängegkeetsreferendum.

reading time

2 min

Soubal et kloer war, datt d'Schottesch National Partei eng ferm Majoritéit a Schottland géif kréien, huet d'Leaderin Nicola Sturgeon en neien Onofhängegkeetsreferendum ugeschwat. Mat senger grousser Majoritéit am brittesche Parlament hätt de Premier Boris Johnson d'Mandat, England aus der EU ze féieren; hien hätt awer net d'Mandat fir och Schottland mat erauszezéien, sou déi schottesch Regierungscheffin.

Déi nächst Woch scho soll d'SNP eng offiziell Ufro fir en neien Onofhängegkeetsreferendum stellen, ënner der sougenannter Sektioun 30. Et gëtt erwaart, datt de Boris Johnson dës Ufro ofleent; an deem Fall wëllt d'SNP iwwer legal Optiounen nodenken.

Eng grouss Victoire fir d'SNP

D'SNP krut bei de Walen um leschten Donneschdeg 48 vun den 59 Sëtz a Schottland, dat sinn der 13 méi wéi nach 2017. Alles an allem krut d'Partei 45 Prozent vun de Stëmmen a Schottland. Déi Konservativ hunn trotz Victoire um brittesche Plang siwe Sëtz a Schottland verluer, a si lo op sechs.

Déi sozial-demokratesch Labour Partei, bis viru fënnef Joer nach bei Wäitem déi stäerkste Partei hei a Schottland, huet nëmmen nach ee Sëtz iwwreg. Déi Liberal bleiwen op véier, mee d'Leaderin Jo Swinson hat hire Sëtz hei un d'SNP verluer. Si ass nach um Samschdeg Moie vun der Parteispëtzt zeréckgetrueden.

Ëmstänn hu sech geännert

De Boris Johnson an d'Nicola Sturgeon haten direkt no de Walen telefonéiert; den Johnson sot en Onofhängegkeetsreferendum kéim net a Fro; et géif scho genuch Onsécherheet a Groussbritannie ginn.

D'Nicola Sturgeon huet erkläert, Schottland hätt fir eng aner Zukunft gestëmmt, wéi de Rescht vum Vereenegte Kinnekräich, an dierft net géint säi Wëllen an der brittescher Unioun gehale ginn. D'Ëmstänn vun der Onhofhängegkeetsfro a Schottland hätte sech drastesch geännert, sou d'SNP weider, zanter dem Referendum 2014. Deemools hate 55 Prozent vun de Schotte fir d'Verbleiwen am Vereenegte Kinnekräich gestëmmt. De Boris Johnson sot dat Resultat vun 2014 misst respektéiert ginn.

Ëmfroen an de leschte Méint hunn net onbedéngt op eng Majoritéit en Faveur vun Onofhängegkeet a Schottland higewisen. De pro-Independance Vott läit generell tëschent 45 an 49 Prozent - Zuelen, op déi sech d'Regierung vum Boris Johnson stäipe wäert.

Anerersäits ass de populäre Support fir schottesch Onofhängegkeet zanter dem EU Referendum 2016 konsistent geklommen. E schottescht Verbleiwen an der UK kéint also vill dovun ofhänken, wéi d'Iwwergangsverhandlungen tëschent der konservativer Regierung an der EU ausgesinn.