Lëtzebuerg D'Mesurë géint de Coronavirus gi verlängert
Déi aktuell Mesurë solle bis den 21. Februar verlängert ginn, sou de Premierminister de Freideg Mëtteg virun der Press. D'Strategie hätt gewierkt an d'Situatioun, souwuel bei den Neiinfektiounen wéi bei den Hospitalisatiounen, hätt sech däitlech verbessert. D'Mutatiounen, déi op der Welt am Ëmlaf wieren géifen der Regierung awer Suerge maachen, sou de Xavier Bettel.
Fir Leit, déi aus dem Ausland areesen, sollen nei Mesuren ageféiert ginn, sou de Xavier Bettel. Nieft engem negativen Test géifen nach aner Mesuren diskutéiert ginn. Déi genau Modalitéite géifen no der Ofstëmmung mat den Nopeschlänner e Méindeg nom Regierungsrot annoncéiert ginn. De klenge Grenzverkéier fir d'Grenzpendler soll kennen oprecht erhalen ginn.
De Premier huet ënnerstrach, datt een en Aen op Covid-Varianten hätt, déi méiglecherweis méi infektiéis kéinte sinn a sech séier negativ op d'Zuele kéinten auswierken.
Xavier Bettel: "Ze fréi fir en Impfpass"
Fir den Premier Xavier Bettel ass et ze fréi, iwwer manner Restriktioune fir geimpfte Leit ze schwätzen. Eischtens géife wëssenschaftlech Fakte feelen, fir ze soen, datt déi Leit net méi ustiechend sinn. Zweetens wéilt een och keng Zwee-Klassegesellschaft schafen.
Bis ewëll si 19.500 Dosen vu Pfizer/BioNTech geliwwert an 1.200 vu Moderna. Insgesamt kéinten domat 10.350 Leit geimpft ginn.
Eischt Quartal: 43.200 Leit solle geimpft ginn
E Méindeg géif d'Regierung hir Konklusiounen aus dem Avis vum Eethikrot presentéieren, sou de Xavier Bettel.
Bis Enn Mäerz gi weider Liwwerungen erwaart, fir am Ganzen 43.200 Leit kënnen ze impfen. Et géif awer dertëscht ëmmer kleng Retarden ginn. Déi nächst Liwwerung vum Moderna-Impfstoff géif zum Beispill eréischt den 30. an net de 25. Januar zu Lëtzebuerg ukommen.
Eventuell Liwwerunge vun AstraZeneca virun der EMA-Validatioun
Et wier een am Moment a Gespréicher mat der Kommissioun, fir den AstraZeneca Impfstoff elo scho geliwwert ze kréien, nach ier e vun der EMA a vun der Kommissioun validéiert wier. Esou kéint ee logistesch gesi schonn den Dag no der EMA-Validatioun ufänke mat impfen.
Taux d'adhésion am Impfzenter
An de Centres de vaccination wiere weider Reservatioune méiglech, sou d'Gesondheetsministerin. Den Taux d'adhésion läit momentan bei 40,9 Prozent. Dat wier awer just een Tëschebilan, de finale Bilan iwwer den Taux d'adhésion fir déi éischt Phas géif ee réischt de Weekend maachen.
Déi aktuell Mesuren am Iwwerbléck:
- D'Schoulen, Crèchen a Maisons relais bleiwen op
- An de Commercen ass weider maximal eng Persoun pro zéng Quadratmeter erlaabt
- Et dierf ee weider maximal zwou Persounen aus engem Stot bei sech heem invitéieren
- Bei Rassemblementer vu méi wéi véier Persoune gëllt weider d'Maskeflicht
- Den Horesca-Secteur bleift bis den 21. Februar zou
- De Couvre-feu bleift op 23 Auer fixéiert
- Den Alkoholverbuet op der Place publique bleift bestoen
- Sport bleift ënner den aktuell geltëge Modalitéite méiglech