Landwirtschaft D'Dréchent mécht de Mëllechbaueren ze schafen

De feelende Reen mécht de Mëllechbaueren ze schafen. Elo scho misst hie sengen Déiere Fudder ginn, well d'Gras op de Wisen net duergeet, sou de Charel Wildgen, deen zu Fenneng 80 Mëllechkéi huet. Ënner normale Bedingunge géif ee réischt Enn August mat gelagertem Hee a gehäckseltem Mais nofidderen. Net all Betrib wier d'selwecht vun der Dréchent betraff, esou de Charel Wildgen. Dat géif zum Deel vun der Lag vun de Wisen a Felder ofhänken.

Cyrille Hill / cz

Kéi am Stall
Kéi am Stall vum Charel Wildgen.

Lauschteren

Um sech Auer moies kréien d'Kéi am Charel Wildgen sengem Stall hiert Fudder. Dono gi se gestrach an d'Aarbechten un de Felder a Wise gemaach, owes gëtt et dann nach eng Kéier Fudder am Stall. Aussergewéinlech ass dëse Programm fir ee Summer, beim Charel Wildgen. Normalerweis geet d'Gras op de Wisen duer, seet de Bauer. Dat wier elo awer net méi de Fall. Fir dëst Joer wäerte seng Fudderreserven nach duergoen. Wann et déi nächst Joren awer weider zu sou aussergewéinlech laangen Drécheperiode kënnt, kéint och dat net méi garantéiert ginn. Fréier hätt een och mol Fudder verkaaft, dat een ze vill hat. Dat wier am Moment awer net méiglech an dofir géife Suen an der Keess feelen, seet de Charel Wildgen.

D'Feld op deem de Mais wiisst ass dëst Joer immens dréchen.

Eng Kou brauch ronn 40 Kilo Fudder den Dag. Tëscht 2.300 an 2.500 Euro kascht dat zousätzlech Fudder de Bauer pro Mount. 14 Hektar Mais huet hien ugebaut. Wéinst der Dréchent ginn d'Planzen awer ze fréi dier, esou de Charel Wildgen. Wann et déi nächst zwou Wochen net reent, da wier eng Planz mat enger gewësser Héicht do, mee se hätt nach kee richtege Kär gebilt a misst dann an de Silo agelagert ginn.

Dem Charel Wildgen säi Silo ass momentan net gutt gefëllt.

"Well wa se méi dréche gëtt wéi 35 Prozent Trockensubstanz, da siléiert se sech net méi gutt. Dat heescht, da muss ee se iergendwann huelen, och wann d'Qualitéit nach net déi ass, déi se sollt sinn."

De Süde vum Land ass traditionell ee Gréngland-Standuert. Do missten d'Wisen eigentlech duer goen, fir datt d'Kéi genuch ze friesse kréien. Wann et an Zukunft weider méi dréche géif ginn, da misst ee sech Gedanke maachen, wéi een an Zukunft kéint domat ëmgoen, wat de Präis vu senge Produite géif an d'Luucht dreiwen, sou de Mëllechbauer Charel Wildgen.

Méi zum Thema

Illutratioun Dréchent
Meteo

D'Fréijoer war ze dréchen, esou de Bilan vum meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère. Vu Mäerz bis Mee huet et net genuch gereent, vill landwirtschaftlech Kulture konnte sech net optimal entwéckelen.

De Guy Feyder
Landwirtschaftskammer

Déi éischt Méint vum Joer waren ze dréchen, et huet bis zu 50 Prozent manner gereent. An der Landwirtschaft géif een dës Dréchent spieren, stellt de President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder fest.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen