Franséisch Parlamentswahlen D'Macronisten um Terrain

Dem President Emmanuel Macron seng Partei wäert eng grouss Majoritéit bei de Parlamentswahle kréien. Dozou bäigedroen huet och eng ganz Equipe vu fräiwëllege Militanten, déi all Dag um Terrain fir hire President kämpfen.

Maxi Pesch, jcf (Paräis)

image1.JPG
De Guillaume Peyron setzt sech an der 9. Circonscriptioun zu Paräis fir de Kandidat Buon Tan an

De Guillaume Peyron huet 33 Joer, ass Ingenieur a koum viru véier Joer vu Lyon op Paräis. Bis viru gutt engem Joer konnt hie sech eegenen Aussoen no net wierklech mat enger Partei identifizéieren.

Den Esprit vum Emmanuel Macron sengem eréischt ee Joer ale Mouvement "En Marche" a seng Memberen hätten dat geännert. Virun allem well se alleguerten eppes gemeinsam hätten: D'Iwwerzeegung, den Optimismus an d'Hoffnung, datt sech mam neie Staatspresident eppes wäert änneren.

Engagement, mä wéineg Erfahrung

D'Militante géifen op d'Bierger duergoen an hinnen nolauschteren, an dat géif Freed maachen: "Et si Leit vun iwwerall dobäi: Vill vun hinnen hunn nach ni Flyere verdeelt, Porte-à-Porte gemaach oder Reuniounen organiséiert", esou de Guillaume.

De jonken Ingenieur schafft owes no senger Aarbecht am 13. Arrondissement zu Paräis fir La République En Marche (LREM). Als "Animateur", wéi d'Partei dat nennt. Eleng zu Paräis huet LREM an all Arrondissement e Comité an eng Referenzpersoun.

Strukturen aus dem Näischt eraus

"Als Animateur hunn ech e lokale Comité gegrënnt", erkläert de Guillaume. Sou wier hien a Kontakt komm mat der zoustänneger Referenzpersoun a mat deenen aneren Animateuren.

Domat wier d'Beweegung vum Emmanuel Macron och am 13. Arrondissement lancéiert gewiescht: "Et ass super, well mir all zesummeschaffen. Ech erënnere mech un den Dezember, wéi et äiskal war. Mir sinn zesummen op den Terrain gaangen a waren dono eppes Waarmes drénken."

Net eleng op den Terrain

Am Dräizéngte huet La République En Marche ronn 750 Memberen, esou de Guillaume Peyron. Et kéint ee sech net virstellen, wéi d'Militanten empfaange ginn. Vill Bierger wieren iwwerzeegte Wieler vun der Partei vum President Emmanuel Macron: "Et ass immens, datt mir esou gutt empfaange ginn".

Trotzdeem gëtt de jonke Militant zou, datt dat net iwwerall de Fall ass. Si géifen natierlech och op Bierger stoussen, déi iwwerzeegt Géigner vu La République En Marche sinn. D'Militante kruten dofir an de leschte Woche geroden, net eleng op den Terrain ze goen: "Bis ewell goufen et hei bei eis nach keng schlëmm Aggressiounen. Mä ech weess awer, datt eis Memberen an aneren Arrondissementer ugegraff goufen", esou de Guillaume.

Wat kënnt no der Euphorie?

Nieft hirer Aarbecht um Terrain organiséieren déi fräiwëlleg Mataarbechter vum Emmanuel Macron senger Partei och Zukunftsatelieren. Och de Public soll do kënne matbestëmmen, wéi et no de Presidenten- a Parlamentswahle mam Mouvement soll weider goen. Well d'Partei ass nach jonk a steet an den nächste Méint virun der Erausfuerderung, d'Strukturen ze festegen.


Fir ze lauschteren:

Bäitrag vum Maxi Pesch am Mëttespanorama vum 18. Juli

Méi zum Thema

Legislativen 2017 a Frankräich
Legislativwahlen a Frankräich

47 Millioune Fransouse sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Den neie Staatspresident wäert an der Assemblée Nationale eng dominant Majoritéit kréien. Méiglecherweis déi stäerkst zënter 1958.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen