National Airline D'Luxair wëllt u kuerze Strecke festhalen

D'Luxair wëllt weider un hire Kuerzstreckeflich festhalen, obwuel d'Kritik un deene Flich an Europa méi grouss gëtt. De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith seet, d'Lëtzebuerger Airline géif un hire kuerze Flich festhalen, esou laang et op deene Strecken keng Zuchverbindunge ginn, déi en änleche Confort bidden.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Gilles Feith
De Gilles Feith ass Direkter vun der Luxair. (Foto: Archiv)

Als Beispill nennt hien de Vol vu Lëtzebuerg op Paräis. Vill Passagéier géife vu Paräis aus op aner Destinatioune viru fléien, esou datt d'Luxair Paräis als Destinatioun géif bäibehalen.

D'Luxair huet nach ëmmer däitlech manner Clienten, ewéi virun der Covid-Pandemie. D'Buchunge bei der Airline wieren am Juni ëm ongeféier 80 Prozent méi niddereg, ewéi zu normalen Zäiten, sou de Gilles Feith. D'Pauschalreese vu Luxair Tours hätte sech dogéint méi séier erholl. Hei géif de minus bei 30 bis 40 Prozent léien, sou de Luxair-Generaldirekter. Hie rechent awer fir dëse Summer mat Buchungs-Zuelen, déi mat deene vu virun der Covid-Kris vergläichbar sinn.

Fir de Summer wäert een awer bei Luxair Tours op 100 Prozent vun de Capacitéite sinn, op e puer Destinatiounen eventuell souguer iwwer 100 Prozent, sou datt nach Volle misste bäigesat ginn, sou de Gilles Feith. Et wéilt een awer och weider "abordabel" Präisser behalen, fir jiddwerengem d'Méiglechkeet ze ginn, sech erëm ze beweegen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

LuxAir - Creative Commons
Aviatioun

Fir d'Luxair fir 2024 erëm fit ze maachen, soll een Aarbechtsgrupp an den nächste Woche Resultater ausschaffen. De 7. Oktober ass déi nächste Ronn vun der Aviatiounstripartite, esou de Minister François Bausch no der Sitzung en Donneschdeg.

Gilles Feith
Fluchverkéier

D'Luxair wäert wuel nach méi laang Zäit net profitabel sinn, esou den neie Luxair-Generaldirekter. Am Moment géif d'Luxair ronn een Drëttel manner fléien, éei ëm dës Zäit d'lescht Joer, esou de Gilles Feith.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen