Aarbechtsrecht D'Limitte vum Teletravail fir Grenzgänger
An der Pandemie goufen Ausnamereegelunge fir den Télétravail bei Frontalieren agefouert. Vum éischte Juli u gëllen awer nees déi dräi bilateral Ofkommesse mat den Nopeschlänner. Dora sinn eng limitéiert Zuel un Deeg festgeluecht, déi ee vun doheem aus ka schaffen, ouni fiskal Konsequenzen.

Fir ze verhënneren, datt Betriber iwwer dem Wee vum Télétravail eng deloyal Konkurrenz duerstellen, huet eng europäesch Direktiv virgesinn, datt ee Salarié, dee méi ewéi 25 Prozent vu senger Aarbechtszäit am Residenzland schafft, och do muss sozial verséchert ginn a vun do aus och déi sozial Leeschtunge kritt.
Mat der Pandemie gouf déi Reegel op Äis geluecht. Bis Enn des Joers gëtt déi Ausnam wärend enger Transitiounsphas och bäibehalen.
Eng europäesch Léisung
An Tëschenzäit soll um europäesche Plang eng Léisung fonnt gi fir d'Grenzgänger, seet de Julien Dauer, Direkter vu "Les Frontaliers Grand Est".
Heifir géifen et verschidde Méigleche ginn: beispillsweis kéint een ee spezielle Status "Télétravail" virgesinn, bei deem zwee Deeg Télétravail d'Woch ufalen. Eng aner Méiglechkeet wier een europäescht Reglement, dee bilateral Ofkommesse virgesäit. Eng drëtt Méiglechkeet wier et, fir eng bestëmmten Unzuel un Deeg vun Télétravail bei der Sécurité sociale festzeleeën.
Bis Enn des Joers soll an der EU driwwer verhandelt ginn, deen Delai ass villäicht net anzehalen, mengt den Egbert Ulrich, Direkter vun der "Task Force Frontaliers Groussregioun".
D'Veruerdnung 883 aus dem Joer 2004 kéint nëmmen eestëmmeg geännert, an den Egbert Ulrich ass skeptesch, ob bis zum Schluss vum Joer all 27 europäesch Staate sou wäit sinn, d'Veruerdnung unzepassen. "Das wäre zu wünschen", esou den Direkter vun der "Task Force Frontaliers Groussregioun".
Aarbechtsrechtlech Konsequenzen
Problematesch wier, datt een um europäesche Plang keng global Approche vun de Grenzgänger huet, seet de Julien Dauer: och d'Fro vum Aarbechtsrecht géif hei matspillen, gëtt den Direkter vu "Les Frontalires Grand Est" ze bedenken.
D'Fro vum Aarbechtsrecht stellt sech zum Beispill a Frankräich, wou een d'35-Stonne-Woch huet, seet de Egbert Ulrich, Direkter vun der Task Force Frontaliers Groussregioun.
Hie geet dovunner aus, datt wann een eng Woch Télétravail mécht, datt een dann och d'Norme vun deem Land, wou ee schafft, applizéiert. Am Fall vum franséische Frontalier wier dat dann och d'35-Stonne-Woch. "Aber: wo kein Klänger, da kein Richter", esou den Egbert Ulrich.
Bilateral Accorden
D'Besteierung vun de Frontaliere gëtt iwwer bilateral Accorde festgeluecht. Vu Juli u kënne Frontalieren - jee no Land - 19 bis 34 Deeg d'Joer vun doheem aus schaffen ouni steierlechen Impakt.
Fir d'Betriber an hir Mataarbechter stellt dat och ee Problem vu Gläichbehandlung duer: deemno wou ee lieft, huet ee méi oder manner Rechter a punkto Télétravail, bedauert de e Stefan Pelger, President vun der DLWI, der Däitscher Lëtzebuerger Wirtschaftsinitiativ:
"Wir haben in der Regel die Situation, dass Betriebe Mitarbeiter beschäftigen aus allen vier Ländern: Luxemburg, Belgien, Frankreich, Deutschland, und für alle vier gelten unterschiedliche Rahmenbedienungen im Bezug auf die im Homeoffice erbrachten Arbeitstagen im Blick auf die Einkommensbesteuerung. Das macht es für die Betriebe natürlich extrem schwierig, Arbeitnehmerfreundliche Homeoffice-Regeln einzuführen und auch den Betriebsfrieden aufrecht zu erhalten."
Et gëtt am fiskale Beräich keng eenheetlech europäesch Reegel an d'Betriber, mee och d'Grenzgänger mussen elo ausrechnen, ob se nach weider am Homeoffice schaffen. Et misst eng Harmoniséierung kommen, mee keng minimalistesch, betount den Egbert Ulrich.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.