De Jean-Paul Olinger schwätzt vun engem "risegen Impakt op d'Ekonomie". D'Situatioun vum Personalmangel wier awer ënnerschiddlech, jee no Secteur vun der Ekonomie, seet de Jean-Paul Olinger.
"Notamment well verschidde Secteuren Teletravail erméiglechen, d'Finanzplaz an alles wat administrativ Aarbecht ass. An aner Secteuren eben net: Horeca, Artisanat, Commerce. Do kann den Ausfall vu Leit op Schlësselpositiounen direkt een Impakt hunn op déi ganz Equippe. De finanziellen Impakt ass dann och grouss. (...)"
Den UEL-Direkter weist dorop hin, datt d'Unzuel vu Leit, déi a Quarantän an am Isolement sinn "steteg wiisst, 3.200 Ufank Oktober op 14.400 Enn Oktober". Déi Zuele géife souwuel Residente wéi Net-Residente betreffen, déi d'Hallschent vun der Main d'Oeuvre um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ausmaachen.
D'Situatioun vum Personalmangel wier dobäi ënnerschiddlech, jee no Secteur vun der Ekonomie, esou den UEL-Direkter.
Tun Di Bari: Den Impakt ass elo schonn ze spieren
Den Direkter vun de Ressources humaines bei der Entreprise Dussmann Luxembourg Tun Di Bari schwätzt vun engem liichten Impakt bei senger Entreprise. Vun den am ganze 4.500 Leit Personal wier ronn e Prozent ënner präventiver Quarantän oder am Isolement. Ob d'Situatioun an den nächste Woche kéint méi schlëmm ginn, wier schwéier viraus ze soen, esou den Tun Di Bari. Den Impakt wier elo schonn ze spieren, sou den Tun Di Bari.
"Mir selwer hu keng Hotspotten, dat heescht déi meescht Quarantänfäll respektiv positiv Fäll, déi komme vu baussen. Meeschtens well an der Famill oder am Frëndeskrees iergendwou e positiv war. (...) Wat privat dobausse leeft, dat kënne mir net kontrolléieren. An dat ass de Problem am Fong geholl."