arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hmong Minoritéit am Laos

Lëtzebuerger Kooperatiounspoli

|
reading time

2 min

D'Hmong Minoritéit am Laos

Caritas Lëtzebuerg ass zanter 2010 an der Xieng Khouang Provënz am Laos aktiv - ënner anerem an engem Bezierk, wou virun allem Hmong wunnen. Dës ethnesch Minoritéit wunnt dacks an Aarmut a gëtt zum Deel vun de Lao Communautéiten diskriminéiert, seet d'Louise Kelly vu Caritas Lëtzebuerg. Si ass zanter véier Joer am Laos. D'Hmong hunn net ëmmer vill Zougang zu Hëllef, och well hir Heemechtsdierfer an de Bierger net gutt accessibel sinn - zemools net an der Ree-Saison.

reading time

2 min

Déi Plazen, wou si da missten plënneren, wieren dacks net fir hir Kenntnisser adaptéiert. "Si hunn natierlech kulturell hir eegen Traditiounen - fir zum Beispill Räisubau oder aner Saachen." Eng Situatioun, déi d'Hmong net ëmmer akzeptéieren, sou d'Louise Kelly. A villen Dierfer géif et och eng Mëschung aus Hmong a Lao Communautéiten. Dee Moment géifen d'Hmong dacks vun deenen aneren diskriminéiert ginn.

Keng laangfristeg Strategie

Wann een Duerf an een anert verluecht gëtt, kann donieft Drock op d'Ressourcen entstoen. An da géif sech d'Fro stellen, wéi een zum Beispill de Risiko kéint vermeiden "datt d'Leit dann an de Bësch eraginn, oder datt si de Bësch ofbrennen, fir méi Terrain ze kréie fir hei kënnen hir eege Saachen unzeplanzen", sou d'Louise Kelly.

Den Hmong Communautéite wëllen ze hëllefe wier grondsätzlech eng gutt Iddi vun der laotescher Regierung, sou d'Vertriederin vu Caritas Lëtzebuerg, mee eng laangfristeg Strategie wier "vläicht net ëmmer do".

Déi laotesch Regierung ass op d'Aarbecht vun den Hëllefsorganisatiounen ugewisen

Et ass allerdéngs och eng schwiereg Situatioun fir d'Hëllefsorganisatioun, well si d'Decisioun vun der Relokalisatioun prinzipiell net ënnerstëtzen. D'Hëllefsorganisatioune géifen no der Delokalisatioun usetzen, fir deenen Äermsten ze hëllefen.

"Dat heescht, bei der politescher Decisioun si mir net dobäi, beim Prozess si mir och net dobäi, well mir prinzipiell net domat averstane sinn. Mee natierlech kënne mir déi Leit dono net einfach vergiessen an am Stach loossen. Dat heescht, do si mir awer da bereet ze ënnerstëtzen."

Andeems d'Caritas den Hmong zum Beispill Formatiounen ubitt, fir sech un hir nei Situatioun ze adaptéieren, ouni dobäi hir Traditiounen ze verléieren. D'Regierung am Laos géif och hoffen, datt d'Hëllefsorganisatioun déi Aarbecht géife leeschten, mengt d'Louise Kelly.

"An dofir ass et ëmmer eng politesch komplizéiert Fro. Well si mir am Gaang dobäi hire Prozess ze ënnerstëtzen oder net? Mir hu keen Afloss drop, dat heescht, ech menge mir ënnerstëtzen de Prozess net. Well egal wéi géife si déi Leit an een neit Duerf erabréngen. Mee natierlech ass et ëmmer politesch e bësse sensibel, wat ass eisen Afloss an deem Ganzen."