arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hierstëllungsmethod vum Impfstoff leaken

Covid-19-Impfstoff

|
reading time

3 min

D'Hierstëllungsmethod vum Impfstoff leaken

D'Hierstellung vum Impfstoff gëtt zur Zäit vun e puer wéinege Firme kontrolléiert. Mat hirer begrenzter Produktioun kënne si net genuch Impfstoff liwwere fir all Mënsch zäitno impfen ze kënnen. Verschidde Länner zum Beispill an Afrika, déi grad besonnesch ënner der südafrikanescher Variant leiden, rechnen domadder, datt si dee gréissten Deel vun hirer Populatioun eréischt 2023 impfe kënnen. En däitscht Kollektiv mécht elo op dës ongerecht Verdeelung opmierksam.

reading time

3 min

Den Impfstoff ass knapp, dat hunn eis d'Politiker mëttlerweil ze verstoen ze ginn. Der Robin Barnabas no gëtt den Impfstoff kënstlech knapp gehalen. Hätte méi Laboratoiren d'Wëssen, wéi een den Impfstoff kann hierstellen, kéint es och vill méi op der ganzer Welt hiergestallt ginn a vill Mënschen d'Liewe retten. Dofir mécht en däitsche Kollektiv, genannt Peng! mat enger Aktioun op dës ongerecht Verdeelung opmierksam.

Dës Knappheet huet net nëmmen d'Konsequenz, datt mir nach net an de Restaurant oder eis mat méi Leit kënnen treffen. A Länner wéi Mosambik, déi grad schwéier mat der südafrikanescher Mutatioun vum Virus ze kämpfen hunn, huet dës Verknappung ganz aner Suitten. Hei rechnen d'Autoritéiten domadder, datt si de gréissten Deel vun hirer Bevëlkerung eréischt 2023 impfe kënnen.

Well net nëmmen ass den Impfstoff knapp, de gréissten Deel (60 Prozent) dovu ginn un knapp 16 Prozent vun der Weltbevëlkerung, déi sech duerch bilateral Ofkommes dësen Deel geséchert huet. Dat féiert derzou, datt a munche Länner jonk Mënschen ouni Virerkrankunge viru Risikogruppen an anere Länner geimpft ginn .

De Generaldirekter vun der WHOm den Tedrus Gebreyesus, huet op dës ongerecht Verdeelung schonn opmierksam gemaach an ONGen ewéi Nédecins sans frontières hunn och schonn en Opruff gemaach fir e besseren Zougang zum Impfstoff ze kréien.

Hierstellungsmethod leaken

Den däitsche Kollektiv Peng huet virun zwou Wochen en Opruff gestart un Mataarbechter vu BioNTech, Pfizer, Moderna oder AstraZeneca fir d'Hierstellungsmethod vum Vaccin ze leaken. Mat enger Internetsäit an Reklamm op Busarrêten an anere Plaze wëlle si sou de Mataarbechter an d'Gewësse rieden.

Wann d'Wësse gedeelt géing ginn, wéi een den Impfstoff hierstellt, da kéinten och méi Fabricken un der Produktioun bedeelegt sinn, esou d'Robin Barnabas

"Wenn es gerade so ist, dass weder die Politik noch der Markt es hinbekommen die ungleiche Verteilung des Impfstoffs zu beseitigen, dass wir da schaue müssen, wer dazu in der Lage ist, dass wir mehr Impfstoff produzieren können. Und das sind nun einmal die Mitarbeiter und Mitarbeiterinnen von zum Beispiel Biontech."

Op der Säit vu Biontech Leaks konnten d'Leit sech informéieren iwwert dësen Opruff. Op schlussendlech eppes geleakt gouf weess de Kollektiv net, well si d'Leaken an d'Verbreede vum Wëssen de Whistleblower a Whistleblowerinnen iwwerloossen. Zwou Wochen nom Opruff huet Biontech sech den Domän Numm vun der Säit geséchert an d'Säit offline gesat.

De Kollektiv Peng! huet mat Aktiounen am Beräich vum zivillen Ongehorsam Erfarung. Si wëllen, dass et endlech méi eng grouss Debatt ronderëm d'Thema gëtt. Theoretesch kéint een d'Patent vun de Konzerner an de jeeweilege Länner mat Zwangslizenzen och vun der Politik ophiewe loossen esou d'Robin Barnabas.

"Also die Debatte ist natürlich unheimlich wichtig aber nur bei der Debatte sind wir noch nicht, das heisst es müssen auch Aktionen folgen."