Welt Wieder-Organisatioun D'Haaptpunkten aus dem europäesche Klimarapport

D'Temperaturen an Europa sinn an de leschten 30 Joer zwee mol méi séier geklomme wéi am globalen Duerchschnëtt. Dat geet aus dem europäesche Klimarapport ervir. Deemno wier d'Temperatur an Europa an deem Zäitraum am Schnëtt ëm een hallwe Grad pro Joerzéngt geklommen.

Jo Diseviscourt / sam

Klima
Symbolbild. Foto: Bigstock / KTstock

Lauschteren


D'Konsequenz vun dëser Temperaturhausse wier ënner anerem, datt d'Déckt vum Gletscheräis an den Alpen an de leschte ronn 25 Joer ëm 30 Meter geschrumpft wier. Och d'Aispanzer op Grönland géife schmëlzen an domat zu enger Hausse vum Mieresspigel bäidroen.

Um héchste Punkt vu Grönland huet et am Summer iwweregens fir déi éischte Kéier, säit et Opzeechnunge ginn, gereent. Donieft géif sech d'Loft iwwer dem Kontinent am Schnëtt méi séier erhëtze wéi iwwer dem Mier.

D'Temperaturhausse ass ee Warnzeechen

D'Temperaturhausse an Europa wier ee Warnzeechen, mengt den Direkter vum europäesche Copernikus Service fir Klimawandel, de Carlo Buontempo.

Hien huet um Rapport matgeschafft a seet, et wier aussergewéinlech, virun allem, wann ee géif bedenken, datt an alle Regioune wou d'WMO aktiv ass, d'Temperature méi séier geklomm wieren, a se an Europa am séierste géif klammen:

"Et gi verschidde Grënn dofir, an et ass schwéier, eng eenzel rauszesichen. Fakt ass numol, datt d'Temperature séier klammen. Ech denken, datt mir dat och als Warnung sollte gesinn. Och wäit entwéckelt Kontinenter wéi Europa si vulnérabel wann et ëm Klimawandel geet."

Méi Konsequenze wéi just Hëtzt

De Rapport stellt och fest, datt iwwer d'Hallschent vun den extreme Wiederphenomener an Europa am leschte Joer Iwwerschwemmunge gewiescht wieren. Fir de Rescht war de Kontinent mat Hëtztwellen an Dréchente geplot, déi d'Bëschbränn uechtert Europa begënschtegt hunn.

Bal 300 Mënsche sinn d'lescht Joer dem Rapport no duerch dat extreemt Wieder an Europa ëm d'Liewe komm. Iwwer eng hallef Millioun Leit waren dovu betraff.

D'WMO warnt och, datt d'Gesondheet vun de Mënschen ëmmer méi betraff wäert sinn: dat ënner anerem duerch Hëtztwellen, Loftverschmotzung, a verstäerkt Pollen an der Loft.

Och positiv Entwécklungen

D'Welt-Wiederorganisatioun huet awer och positiv Entwécklunge festgehale: Vill europäesch Länner hätten et gepackt, hier Co2-Emissiounen ze reduzéieren. An de leschten 30 Joer wieren d'Co2-Emissiounen an Europa ëm bal een Drëttel gefall. D'Zil vun der EU ass et, bis 2050 ganz klimaneutral ze sinn.

Ausserdeem wieren d'Warnsystemer an Europa méi effikass wéi an anere Regiounen. Ronn dräi Véierel vun den Europäer wieren duerch esou ee Warnsystem ofgedeckt.

Méi zum Thema

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

De Klima-Biergerrot huet 56 Virschléi ausgeschafft, wat zu Lëtzebuerg geschéie muss, fir de Planéit vun enger Klimakatastroph ze retten. Verschidde Propositioune wäerte wéidoen, mengt de Michel Pauly am Fräie Mikro.

Blanche Weber
Klima

"Irresponsabel an net méi ze erdroen", nennt d'Presidentin vum Mouvement écologique d'Inertie vun eenzele politeschen Acteuren an der Klimafro. Den Tankrabatt wier ee komplett falscht Signal, seet d'Blanche Weber.

Futtis Beem am Bësch
Reportage

Déi unhalend Dréchent déi lescht Jore sëtzt de Bëscher zou: Just 16 Prozent vun alle Beem sinn nach ganz gesond. Mir si mat der Naturverwaltung kucke gaangen, wéi d'Bëschbild sech am Ament verännert.

Jytte Guteland
KLIMASCHUTZ

D'Europaparlament ass dofir, datt d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 60 Prozent musse reduzéiert ginn. Et geet domat méi wäit ewéi d'europäesch Kommissioun, déi viru kuerzem een Zil vu minus 55 Prozent proposéiert hat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen