Educatioun D'Grondschoul wéi nach ni virdrun

D'Grondschoul huet de Méindeg hir Dieren no zéng Woche Confinement nees opgemaach. Wochelaang ass an de Gemenge geschafft gi fir déi sanitär Reegelen och an de Schoulen ëmzesetzen. Den Educatiounsminister Claude Meisch war zu Diddeleng d'Grondschoul Ribeschpont besichen. Déi 156 Schüler aus den néng Klasse goufen an zwou Gruppen opgedeelt.

Carole Schimmer / cz

AKT Rentrée Grondschoul

Wärend Wochen hat ee sech op déi dach aussergewéinlech Schoulrentrée virbereet. Sanitär Ekipementer, Markéierungen an d'Opstellung vun de Gruppen, déi och parallel zur Maison Relais huet misste funktionéieren. D'Kanner hate fir an d'Schoul eng Mask un, dëst mat Ausnam vun deene klenge Butzen, déi keng hu bräichten ze droen. D'Schüler ware frou erëm do ze sinn, hir Frënn a Kolleegen ze gesinn, mee dat mat der Mask war net esou einfach.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

(de g. à dr.) Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ;
Reouverture vun der Grondschoul

D'Reouverture vun der Grondschoul wier komplex, esou den Educatiounsminister an de Syvicol-President virun der Press. Vum 25. Mee u gi méi Raimlechkeete, méi Personal a méi Schoulbusse gebraucht.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen