Meng éischt intensiv Beschäftegung mat der Lëtzebuerger Monarchie war d'Hochzäit vum deemolegen Ierfgroussherzog Henri an der Maria Teresa Mestre op Vältesdag 1981. De Spektakel op der Tëlee ze kucke war a menger Famill scho bal eng patriotesch Flicht an, konditionéiert duerch Sissi-Filmer souwéi d'Lektüre vun ze vill Boulevardzeitunge beim Coiffeur, huet sech deemools d'Bild verfestegt vun de Monarchen als aussergewéinlech Wiesen, déi näischt gemeng hu mat de sougenannten normale Mënschen.
Dëst Bild gëtt jo och bewosst vun allen Monarchien op dëser Welt gefleegt, do ass d'Famill Nassau-Weilburg a gudder Gesellschaft, erlaabt et dach ze vergiessen, datt hei Leit eleng dank der Gnod vun hirer Gebuert eng privilegéiert Stellung geschenkt kréien.
D'Entmystifizéierung vun der Monarchie
Zanter leschte Freideg ass déi naiv Illusioun vun de Monarchen als aussergewéinlech Wiesen entzaubert. Dank dem Jeannot Waringo senger mat Sécherheet net liichter Aarbecht als Auditeur vun der Verwaltung vum Haff, wësse mir elo, datt och do just mat Waasser gekacht gëtt.
D'Personal wëllt net esou kuschen, wéi et soll, an da beklot et sech och nach, wann een et zurechtweist? Wéi dacks héiert ee gutt situéiert Leit aus der Mëtt vun der Gesellschaft sech iwwer hir Botzfra beschwéieren, déi fir en net deklaréierten Hongerloun einfach net begräife wëllt, wéi ee Fënstere richteg wäscht? Dës Leit sinn net méi eleng mat hirem Problem, och am Palais an zu Colmer-Bierg hu si Problemer mam Personal an d'Personal mat hinnen.
Groussherzoglech Mëssstänn
Den Internetsite zu Éiere vun der Grande-Duchesse an där hir Asätz fir gutt Zwecker gëtt warscheinlech aus ëffentleche Gelder finanzéiert, déi eigentlech just fir de Grand-Duc an deem seng offiziell Funktioune geduecht sinn? Net schéin, wann et stëmmt. Mee am Joer 2017 huet de Stater Parquet 417 Verdachtsmeldunge kritt iwwer Gesellschaften, bei deene gefaart gouf, datt verschidden Administrateuren den Ënnerscheed tëschent hirem perséinlechen Interêt an deem vun der Gesellschaft e bëssen aus den Ae verluer haten. Och déi normal Stierflech verléieren also mol den Iwwerbléck doriwwer, wéi eng Suen zu wéi engem Zweck verwent kënne ginn.
Den Haff an hir Verwaltung profitéiere gratis vu Servicer vun der Post fir ongeféier 600.000 Euro am Joer? Ofgesinn dovun, datt mir all gären esou eng mega Flatrate hätten, wiere mir wuel och iwwerfuerdert fir de Konsum vun Internet an anere Servicer am Grëff ze halen, wa se eis näischt kaschten.
Nëmmen de Grand-Duc ass inviolabel
Déi Mëssstänn, déi een am Rapport vum Här Waringo fënnt, spigelen eigentlech just déi normal Schwächte vu Mënschen erëm. An dësem spezielle Kontext awer wuel verstäerkt duerch eng falsch Opfaassung vun de Rechter a Flichten, déi een als Member vun der groussherzoglecher Famill huet. An anere Wierder, wann ee Persounen d'Illusioun léisst, si stéingen iwwer dem Gesetz, dann dierf ee sech och net wonneren, wa si sech deementspriechend behuelen.
Dofir ass déi éischt Lektioun aus dësem Rapport dann och déi, datt ausser dem Grand-Duc perséinlech, keen aneren hei zu Lëtzebuerg iwwer dem Gesetz steet. An dem Grand-Duc seng konstitutionell Inviolabilitéit geet zesumme mat enger Entmëndegung vun him, dee keen Akt dierf maachen ouni d'Zoustëmmung vun der Regierung, déi jo och schliisslech d'Responsabilitéit dréit fir d'Konsequenze vum Handele vum Staatschef.
Et gëllt d'Onscholdsvermuddung
Ëmgedréit mussen awer dann och all d'Garantië vum Rechtsstaat gëlle fir all d'Membere vum Haff, onofhängeg vun hirem Titel. Dëst spillt hei virun allem op d'Onscholdsvermuddung un an d'Reegele vun der Strofverfolgung. Och wa Leit anscheinend "ganz glafwierdeg" soen, datt si der "an d'Schnëss kruten", ass eng Persoun esou laang onschëlleg, bis si definitiv no engem faire Verfaren duerch e Geriicht verurteelt gouf.
A wann een aus der ganzer Geschicht ee positiven Aspekt kann zeréckhalen, dann eben dee vun der Entmystifizéierung vun der Monarchie zu Lëtzebuerg. Dës huet sech quasi selwer vum Himmelstroun gestouss an duerch hiert Behuele gewisen, datt si déi selwecht mënschlech Defauten huet wéi mir normal Stierflech.
Fir déi eng gëtt dat elo als Argument geholl fir d'Institutioun Monarchie selwer a Fro ze stellen, an de Monarch duerch e President ze ersetzen, well een deen all puer Joer duerch Wale kann an d'Wüüst schécken.
Fir déi aner, déi d'Monarchie bäibehale wëllen, soll et awer op d'mannst d'Geleeënheet sinn endlech modern Reegelen opzestellen, déi eng noutwendeg Transparenz an Rechtsstaatlechkeet och fir de Grand-Duc a säin Hofstaat garantéieren.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.