arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gesondheetsministerin reagéiert op Kritik vum saarländesche Ministerpresident

"Reaction à Chaud"

|
reading time

1 min

D'Gesondheetsministerin reagéiert op Kritik vum saarländesche Ministerpresident

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert gesäit d'Kritik vum saarlännesche Ministerpresident als eng "réaction à chaud". Si géif sech froen, ob den Detail vun de geplangte Mesurë scho bekannt wier, esou d'Ministerin de Mëttwoch Mëtteg op Nofro hin.

reading time

1 min

An hiren Aen wieren déi geplangte Moossname vum 11. Januar u keng Lockerungen, mee si kéimen nach engem "partielle Lockdown" no, sou déi Lëtzebuergesch Gesondheetsministerin.

play_arrow D'Paulette Lenert

De Ministerpräsident vum Saarland Tobias Hans huet di lëtzebuerger Corona-Politik haut kritiséiert. Et wier irresponsabel, datt Lëtzebuerg en vue vun den aktuellen Infektiounszuelen nees Deelberäicher géif opmaachen, sou de Hans am Interview mam Saarländischer Rundfunk.

play_arrow Den Tobias Hans

D'Moossname sollen elo am Detail mam Saarland duerch geschwat ginn, huet d'Ministerin ugekënnegt. De Lëtzebuerger Ausseministère wier a Kontakt mat Saarbrécken.

An der Woch vum 28. Dezember op den 3. Januar goufen hei am Land 1.135 Awunner positiv op de Corona-Virus getest: dat waren 11 Prozent manner wéi déi Woch virdrun. Well manner PCR-Tester gemaach goufe wieren d'Zuelen awer mat Virsiicht ze genéissen, esou de Ministère. Iwwert d'Hallschent vun den Neiinfektioune wieren am "cercle familial" geschitt. Bannent de leschten zwou Wochen sinn hei am Land am ganzen 58 Mënschen a Relatioun mam Corona-Virus gestuerwen.