Homeschooling "D'Flexibilitéit vum Enseignement ass méi wéi jee gefrot"
No zwou Wochen Ouschtervakanz huet gëschter déi véiert Woch vum Homeschooling ugefaangen. Zanter dem 16. Mäerz geet de Schoulprogramm wéinst der Corona-Pandemie vun doheem aus virun. Bis zur Re-Ouverture vun de Schoule si Schüler an Enseignantë weider den Erausfuerderunge vum Homeschooling gestallt. Mee wéi sinn déi lescht Woche verlaf? A wéi stëllt ee sech elo op den De-Confinement vun de Schoulen an? Mir hu bei dräi Enseignanten nogefrot.
Och wann am Laf vum nächste Mount d'Schoulen hei am Land schrëttweis sollen opgoen, gesäit et nach net no engem Retour zeréck an d'Normalitéit aus, sou d'Laurence Baum, Däitschproff am Lycée Michel Rodange. D'Schüler wäerten nëmmen zur Hallschent do sinn, wäerten deelweis Masken unhunn, wäit ausernee sëtze mussen, an et wäerten aner Horaire ginn.
"Dat ass net wierklech zeréck zur Normalitéit, et ass zwar schonn e Schrëtt an déi Richtung, mee et wäert sécher net de selwechte Cours sinn, wéi et virdru war."
D'Laurence Baum geet net dovunner aus, datt een déi ganz Matière verschafft géif kréien.
Schwaach Schüler si benodeelegt
An de leschte Wochen hätt sech mam Homeschooling awer eng gewësse Routine agespillt. An enger Ëmfro un hir Schüler wier erauskomm, datt eng Majoritéit et genéisst, sou autonom kënnen ze schaffen.
![]()
D'Schüler hätten awer e bësse bemängelt, datt net alles gutt ofgeschwat wier. Deemno hätten d'Enseignantë wärend der Ouschtervakanz un engem méi koordinéierte Programm fir d'Schüler geschafft
"Mir probéieren zum Beispill méi mat Wochepläng ze schaffen, datt Schüler da méindes hir Aufgabe kréien an da wëssen, wat am Laf vun der Woch ze maachen ass, fir datt si dann eben och autonom kënne schaffen a sech bëssen andeelen, wéi et da bei hinnen och méiglech ass."
Duerch vill Widderhuelungen hätt ee mam Homeschooling eng Rei Schwächten an der Grammaire kéinten opschaffen, seet d'Vicky Stoll. An awer wieren duerch den Homeschooling eng Rei Schüler benodeelegt. Schüler, déi virdru scho Problemer haten, hätten elo nach méi Schwieregkeeten, seet d'Däitschproff aus dem Athenée.
Déi Schüler, déi virdru scho gutt waren, "haten d'Zäit vun hirem Liewen", well déi sech besser konnten andeelen. Schüler mat Schwieregkeeten hätt een net esou gutt erreechen an opfänke kënnen.
Problemer am Ufank
Den normale Schoulcours kéint den Homeschooling deemno net ersetzen. Där Meenung ass och de Ralph Schon, Enseignant an enger Grondschoul zu Wolz. Bei de meeschte Kanner géif dat gutt klappen, et géif awer ëmmer erëm virkommen, datt eng Rei Kanner wärend de Videokonferenze feelen. "Et sinn der och do, do héiert een näischt bis nomëttes."
Et misst een dann hanner den Eltere bleiwe fir ze soen "Denkt wannechgelift drun, datt Äert Kand sech och bei eis mellt." Dat hätt awer no der zweeter Woch gutt geklappt, zielt de Ralph Schon.
![]()
Geschafft gëtt mat engem Wocheplang an nei Matière gëtt a méi klenge Gruppe per Videokonferenz erkläert. Doduerch, datt een dauernd disponibel ass, géif een als Enseignant zimmlech u seng Grenze kommen.
Et stelle sech eng Rei Froen
Mee och iwwer d'Re-Ouverture vun de Grondschoulen, déi fir de 25. Mee ugeduecht ass, stelle sech eng Rei praktesch Froen. Duerch d'Andeelung vu Léier an Übungsgruppen, mécht de Wëlzer Schoulmeeschter sech Suergen iwwer d'Betreiung vun de Schüler, déi an der Übungsgrupp vun doheem aus schaffen:
"Ass ee sécher, datt déi dann och dat alles esou maachen, wat een hinnen et gëtt? Ech weess net, ob si wierklech eng Woch Übungen an Exercicer maachen. Ech gesinn dat schwiereg - well iergendwéi misst een déi jo an där Woch och nach begleeden. Dat heescht, mécht een da mat deenen an där Woch Homeschooling? Dat heescht, geet een an d'Schoul an et mécht een och Homeschooling? Ech weess net, wéi dat leeft: si si déi ganz Woch eleng gestallt, wa mir déi eng Woch bei de Schüler an der Klass sinn? Déi, déi eng Woch doheem sinn: ech weess net, wéi een deene ka gerecht ginn."
Mee och fir den Enseignement Secondaire wier nach onkloer, wéi dës Mesure an der Praxis kéint fonctionéieren, sou d'Vicky Stoll. Dat virun allem wéinst de Prüfungen:
"Also éischtens mol fannen ech et schwiereg, Prüfunge mat enger Hallschent vun der Klass ze schreiwen, an dann d'Woch drop mat enger anerer, well da muss een zwou Prüfunge maachen, an datt déi eng fir deen een eventuell méi schwéier ass, wéi fir deen aneren, oder ëmgedréit, ass kloer - also esou richteg fair, weess ech net, ob et dat ka ginn."
Donieft géif immens vill Discipline elo vun de Schüler erwaart ginn:
"Well wann déi Ofstand-Reegelungen a sanitär Reegelungen, déi elo do sollen agehale ginn a fir d'Schoule sollen ëmgesat ginn, da muss jiddweree wierklech ganz disciplinéiert sinn - virun allem och déi méi Jonk. Do muss een elo kucken, op dat wierklech esou klappt."
Fondamental a Secondaire ginn net gläichzäiteg erëm op
Doduerch, datt d'Lycéeën zwou Wochen éischter wéi d'Grondschoule sollen opgoen, sti virun allem Enseignantë mat eegene Kanner viru groussen Erausfuerderungen, wéi d'Laurence Baum erkläert:
"Bis dohinner si jo weider keng Strukturen op, keng Maison Relaisen, an ech mengen, do si vill Leit an deem selwechte Fall wéi ech, datt si mol nach kucken, wéi si dat den Ament mat den eegene Kanner maachen, déi den Ament am Fondamental sinn."
D'Enseignanten, souwuel aus dem Fondamental wéi och dem Secondaire, si sech eens, datt déi kommend Wochen net einfach ginn. Fokusséiert gëtt sech elo op d'Matière, déi fir d'nächst Schouljoer relevant ass. Der Vicky Stoll no dierft awer och déi mental Gesondheet vun de Schüler net op der Stréck bleiwen. D'Flexibilitéit vum Enseignement wier, der Däitschproff no, méi wei jee gefrot.