Den neien Text gesäit do net méi vir, datt d'Ressortministere responsabel sinn, datt Ziler an hire Beräicher erreecht ginn. Fir de Fedil-Direkter Rene Winkin kéint een dat awer och anescht reegelen.
Fir d'Fedil wier et wichteg, datt den "déi déi d'Politik exutéieren" - wéi zum Beispill de Wirtschaftsminister - déi néideg budgetär Moyenen huet.
Konkret sektoriell Ziler feelen nach am Gesetzesprojet. D'Diskussioun, wéi een Ziler erreecht, wier dem René Winkin no och nach net eriwwer. "Am Plang do si grouss Ziler fixéiert ginn, mee et war hinnen nach net bewosst, wat dat finanziell heescht, an op een et an deenen Zäitraim hikritt, déi ugeduecht sinn", esou de René Winkin.
Dobäi misst d'Regierung dem Fedil-Direkter no och déi finanziell Situatioun vum Land am A behalen. D'Ausschaffe vum Text wier an enger finanziell relativ gudder Zäit geschitt. Dat hätt sech elo geännert, "esou datt och do vläicht muss nei iwwerluecht ginn, wat ass elo tragbar, wéi pake mir d'Saachen un, ouni awer déi Ziler aus den Aen ze verléieren".